Opruff zur Grënnung vun engem Männerchouer vun den Anciens

Salut Aal Oochener,

Ech war berouegt wou de Männerchouer vun eise Studenten op der leschter AGAPE nees opgetrueden ass. Si hunn sech no engem klengen Déif nees erkrut an garantéieren mat voller Motivatioun d’ Weiderliewen vun der Traditioun vum Oochener Männerchouer.

Och ech war frou konnten deel ze huelen während mengen 8 Joer am Männerchouer, dovun 7 als Dirigent. Nodeems ech de Bengel virun 4 Joer ofginn hunn war et mat menger Loscht awer nach net gedoen. Ech wollt en Männerchouer vun den Anciens op d’Been stellen. Déi Joren wou ech d’ Jongen schweesse gedoen hunn solle jo net ëmsoss gewiescht sinn. Vill Kollegen vun deemools hu mech schonn drops ugeschwat, well si sécher mat dobäi wieren, e Beweis dass et hinnen Spaass gemaach huet, an dass och si dat wëlle weider féieren.

Deen Zäitpunkt ass lo komm!

Heimat lancéieren ech en Appel un all eemoleg Sänger vum Oochener Männerchouer:

Wanns du Loscht hues nees deng Stëmmbänner un d’ Flatteren ze bréngen, d’ Lëtzebuerger Lidderkultur um Liewen ze erhalen, deen een oder aneren flotten Owend ënnert fréieren Studentekollegen ze verbréngen, dann mell dech bei mir ënnert: pascal.theis@arcelormittal.com.

Dëse Männerchouer soll keng Konkurrenz sinn fir de Chouer vun de Studenten. Et soll just drëms goen déi schéin Zäiten déi mir zu Oochen am Männerchouer an op eisen Optrëtter erlieft hunn an Erënnerung ze behalen an d’ Freed um Sangen net ze verléieren. De Programm wäert sech och net op Hesperkutsch an Dominique beschränken. No 5, 6, 7, 8,.. Joren Männerchouerschoul kann een roueg méistëmmeg sangen, an Kaliber Nabucco opwäerts an Ugrëff huelen. Mee keng Angscht, Lëtzebuerger Lidder wäerten de Gros ausmaachen.

Ech hoffen dass sech genuch Leit fannen fir dat éierbar kënnen duerchzezéien.

Dirigententheis

Vive Oochen

Vive den AVL

Vive den Oochener Männerchouer

Vive d’Amicale vun den Anciens

an

Vive den Männerchouer vun den Anciens

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.