Männerchouer

Den AVL, de Club vun de jonken Oochener Studenten, ass, onses Wëssen, zur Zäit deen eenzegen Studenteveräin, deen een eegene Chouer huet.

Sänger an der Réiser Stuff 2005

Ursprénglech gegrënnt gouf de Chouer am Joer 1963 vun Charles Meyers fir d’Lëtzebuerger Botschaft zu Köln beim Te Deum zu Nationalfeierdag ze ënnerstëtzen.

Ab 1982 goufen di Oochener awer net méi op den Te Deum invitéiert, mee just nach op den Empfang an d’Haus vum Lëtzebuerger Botschafter zu Köln. D’Studenten hunn dorops hin an enger Art Trotzreaktioun, einfach decidéiert, fir dann eben bei deeër Geleeënheet ze sangen. Domadder gouf och de Repertoire vum Liddgutt säkulariséiert, an et goufen virun allem Lëtzebuerger Vollekslidder gesongen. Ee gudden Iwwerbléck gëtt d’Gesangsbuch vun 1990/91.

Staarken Opdriff krut de Männerchouer an den 1990er Joren spéidestens nodeems de Marcel Belsch, alias Bab, am WS 1992/93 dem Veräin een eegent Lidd “den Oochener Student” geschriwwen hat. Deemols wor och fir d’éischte Kéier eng nennenswäert Unzuel vu weibleche Studenten Member am AVL, sou dass een sech hätt kéinten iwwerleeën fir ee gemëschte Chouer op d’Been ze stellen. D’Dammen hu sech awer manner interesséiert gewise wéi d’Häre gemengt (an eenzelner gehofft) haten. Well den Dirigent en plus nach gemengt hat, dass ee gemëschte Chouer ze komplizéiert wier, ass dunn deemools (ëm 1991) de Numm “Männerchouer” opkomm. Domadder war och kloergestallt, wien do matsangen sollt oder däerf!

Wärend der Joerhonnertfeier 1997, war och gläichzäiteg d’REEL zu Oochen, an doduerch gouf de Männerchouer och national bekannt. Deemools hat di Virstellung den Anciens sou gutt gefall, dass den deemolegen Comité vun der Amicale ënnert dem Jean Feyereisen spontan decidéiert hat, den Optrëtt vum Männerchouer an den Oflaf vun der alljärlecher Agape ze integréieren.

Mat dem Ëmzuch vun der Lëtzebuerger Botschaft vu Bonn op Berlin am Joer 2000, ass dem Chouer eng wichteg Geleeënheet verluer gaangen fir opzetrieden. De Chouer leid zënterhier.

Allerdéngs huet dunn Pascal Theis, genannt Dirigententheis, an den Nuller Joren, mat vill Engagement, de Chouer kënne zu neien qualitativen gesanglechen Héichten bréngen. Den Héichpunkt wor villäicht d’Enregistréieren vun enger CD am Joer 2005. Kuckt dozou och dem Pascal säin Erfahrungsbericht vun 2009.

Ab 2010 gouf de Männerchouer net méi d’Office mee just nach zu besonnesche Geleeënheeten op d’Agape invitéiert. Eng weider gutt Geleeënheet fort.

An den 2020er Joren waren d’Dirigente méi king, an haut sangen och Fraen mat. Dowéinst heescht de Chouer mëttlerweil net méi Männer-, mee AVL Chouer.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.