
Och dëst Joer invitéiere mer Iech op eist
Traditionellt Grillfest op Nationalfeierdag
Sonndes, den 23. Juni ab 11:30 zu Bech-Maacher
Den Oflaf ass wéi gewinnt:
• Aperitif
• Gegrills mat allem wat dozou gehéiert
• Dessert a Kaffi
• Ronderëmturnen op der Wiss mat Volleyball etc.
• Spaass mam Motorboot op der Musel mat Waasserschi, Wakeboard, Wakesurf oder Promenade
De Site vum Club Nautique du Luxembourg (www.cnlwaterski.lu) ass direkt un der Musel, wann der vu Réimech kommt, hannert dem Hein lénks eran iwwert eng kleng Bréck. Parke kennt der vis-à-vis beim Losch: 5, Quai de la Moselle zu Bech-Maacher. Mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 21. Juni iwwert de Formulaire ënnen un. D’Participatioun ass 20 Euro pro Erwuessenem.
ugemellt sinn:
Numm | Virnumm | Unzuel Erwuessener | Unzuel Kanner |
---|---|---|---|
Erpelding | Daniel | 1 | 0 |
Malget | Joe | 1 | 1 |
Peterhänsel | Elke | 2 | 1 |
test | test | 1 | 0 |
Léif al Oochenerinnen an Oochener,
Well Sport jo anscheinend jonk hält, an de Veräi vun den Alen Oochener all senge Memberen eppes Guddes well maachen, invitéiere mir och dëst Joer erëm op eng Summerolympiad. Di jonk Oochener vum AVL sinn och agelueden.
Et ginn dräi Sportaarten ugebueden, do ass fir jiddereen eppes dobäi:
- Beachvolleyball
- Petanque
- Wikingerschach
Gespillt gi Petanque a Wikingerschach an Ekippe vun 2. Beim Beachvolleyball gi jeeweils 2 Ekippen zesummegeloust di da géint 2 aner Ekippe spillen (et sinn also 4 Spiller pro Säit um Terrain). An deem Sënn biede mir iech bei der Umeldung unzeginn, mat weem dir an enger Ekipp wëllt sinn. (Wann et iech egal ass mat weem dir an der Ekipp sidd, dann drot einfach “Mister X” an der entspriechender Case an.)
Optional kënnen déi eenzel Sportler sech nach bei engem Béierlaf vu ganzen 1,5 km moossen. De Gewënner vun der Course gewënnt eng gëlle Kou ?.
Dat Ganzt fënnt statt:
Samschdes de 28ten Juni 2025. ab 10:15 Auer.
D’Olympiade start genau um 11:00 Auer. (Fir de Spillplang net duercherneen ze bréngen, verléiert ee Forfait wann een net pünktlech ass. Sot wgl. Bescheed wann dir net um 11:00 kënnt do sinn.)
D’Adress ass:
“A Mouschelt” – Beim Barbecue, 250, rte de Fischbach, L-7447 Lëntgen.
Zéckt net a mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 20 Juni, mathëllef vum Formulaire heidrënner, un.
Fir Iessen a Gedrénks fir d’Mëttesiesse gëtt gesuergt.

Umeldung:
ugemellt sinn:
Virnumm a Nonumm | Ekipp / Partner |
---|---|
Serge Hoschi,Hoscheid | |
Michel,Hansen | |
Caroline ,Gaspar | |
Joe,Malget |
Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.