Opfuerderung, Football ze spillen

Moien alleguer,

no enger längerer Trainings-Paus hu mer nächste Samsteg, de 27. Juni 2009, erëm d’Geleenheet eis Form an eis formidabel Technik um Fussballsterrain ënner Beweis ze stellen. Da spille mer endlech erëm gengt eise jonke Studentenowues vum AVL.

Falls du zu eiser Equipe gehéiere wëlls, mell dech w.e.g. a.s.a.p. beim Guy Mahowald ( guy.mahowald@gmail.com oder 621-374122). All Spiller as wëllkomm, egal op wéi enger Positioun !

Rendez-Vous as um 14:30 zu Mamer um Systheteschen Terrain. Ugepaff gët pünktlech um 15h. Déi 3. Halbzäit mat der Siegerehrung gët am Lycée zu Mamer ausgedroen.

Bis muar oder bis e Samsteg,

Michel

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.