Nei Software fir de Membersfichier

De Membersfichier vun der Amicale get jo zenter e puer Joër schon online verwalt, waat de Virdeel huet, dass méi Leit dru kommen (Président, Sekretär, Tresorier, etc.). Dozou haat ëch selwer eng Software am PHP geschriwen, die allerdings nit besonnësch performant war.

Ab sofort werd eise Membersfichier mat der Software Iaddressbook verwalt ginn, déi de Schwäitzer Student Clemens Wacha geschriwen huet.

De Produit huet e ganze Koup schéin Features, e.a. och Import an Export an d’Format vcard an csv. Sou guff och den aale Fichier portéiert.

Beispill
Beispill: sou gesäit et aus!

Leider kann een lo nit méi selwer säin Kont nofroën (an z.B. kucken ob séng Cotisatioun schon registréiert guff), well eng aner Software (wéi WordPress) heescht och, eng aner Benotzerverwaltung -> daat géif einfach zu komplizéiert fir nach am Cader vum Bénévolat ze bleiwen. Dohier hunn ëch och d’Benotzerkonten geläscht, ausser déi vum comité restrinct. Wien an Zukunft awer gären ging matschaffen an Artikelen op aachen.lu schreiwen (oder Foto’en eroplueden, dem richten ëch selbstverständlich nees een an! Macht mir dozou einfach eng Mail.

Weider Ännerungen an dem Zesummenhang:

  • Dir fand lo ëmmer eng aktuell Lëscht mat dem Memberen (just d’Nimm!)
  • Wien dem Club wëll bäitrieden, oder eis eng Addressännerung wëll bekannt ginn, kann nees de bekannte Formulär benotzen, deen eng vcard genéréiert.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.