Gëtt nach matgedeelt

Léif al Ochenerin, Léiwen alen Oochener,
Nodeem eis Summeraktivitéit vun der Wäinwanderung ëmmer manner Besuch ugezunn huet, huet sech den Comité vun den alen Oochener op d’Sich no enger neier Aktivitéit gemaach.
Ganz am Sënn vun der oochen-lëtzebuergescher Traditioun setzen mir dëst Joer op eng Aktivitéit mat Accent op d’Mobilité douce.
Dinner Hopping Bus Tour 2026
Wéi ass et dozou komm? Hei en klengen Aperçu historique: (Lecture facultative)
– 1841 Aweiung vun der Streck Oochen-Köln
– 1859 Aweiung vun der Streck Luxembourg – Thionville
– 1997 Aféierung vun der Oochener Shuttle-Party
– 2005 “Wir hüpfen bis die Achse bricht” gëtt wider Erwarten net vir den Eurovision Song Contest ugeholl…
– 2006 Aus Protest géint dës Entscheedung fiert well bal all Lëtzebuerger Student selwer an nëmmen nach Auto
– 2007 Och eng nei Promill-Grenz vun “nëmmen nach” 0,5 Promill ännert näischt um Lëtzebuerger Verhalen
– 2017 Den “Tram” feiert seng Renaissance
– 2020 Den Transport public zu Lëtzebuerg ass ewell gratis
– 2026 Déi al Oochener organiséieren eng Bus Dinner Hopping Tour
– Datum : 9.Mee (Dauer vun 4h)
– Präis: 95€ pro Persoun (PartnerIn ass wëllkomm)
– Rendez-vous: 18.00 an der Stad (Definitiven RV gëtt nach kommunizéiert)
– Depart: Spéitstens um 18.15
– Menu: Ënnerschiddlech Gäng aus den Regiounen “Italien, Amerika oder Latino” – Menu-Detailer ginn nach kommunizéiert
– Vegetaresch Optiounen: Disponibel
– Maximum (Participanten): 28 Persounen – 4er Dëscher
– Minimal Unzuel (Participanten): 16 Persounen
D’Plazen sinn op 28 Läit limitéiert an bis den 5. Abrëll muss d’Mindestunzuel vun 16 ereescht sinn.
Vir weiderféierend Informatiounen schreift einfach dem Hoschi oder kuckt hei no.
Mir freeën eis op deng Participatioun. Mellt Iech w.e.g. am beschten scho virum den 5. Abrëll iwwer de Formuläre hei ënnendrënner un. Déi éischt si vir.
Vivat crescat floreat !
Déi al Oochener
Et sinn ugemellt:
Numm | Virnumm |
|---|---|
Lux | Guy |
Strasser | Jean-Marie |
Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.