Neie Comité vum AVL fir 2025

De neie Comité vum AVL 2025. Stinn op der Bänk am Kaktus zu Oochen

Den 20. Januar hat den AVL, de Club vun de Letzebuerger Studenten zu Oochen, vun deem di meeschten vun eis och fréier Member waren, seng Assemblée Générale Ordinaire, dëst Owes um 18:00 am Hörsaal 1010|213 – V am Haaptgebai vun der RWTH.
Do hu se sech och een neie Comité fir 2025 gewielt, an hiren neie Präsident huet eis de 29. Januar dunn di hei Zesummesetzung matgedeelt:

  • President: Ben GRAAS
  • Vize-President: Luc JAKOBY
  • Sekretär: Leny NICKELS
  • Tresorier: Thomas VINANDY
  • Relations publiques: Joëlle KLAUNER
  • Kulturminister: Mathis MICHELS
  • Sportminister: Trixy BOEVER
  • Member, Webmaster: Tom JEMMING
  • Member: Sebastian SCHMIT
  • Webmaster: Jim LEYDER
  • Éierenpresidentin: Anita BARTHELMY

Dobäi fällt op, dass di meeschten guer nit sou nei sinn! duerchaus schon mol eng Kéier am Comité matgeschafft hunn, nei sinn eigentlech just d’ Joëlle KLAUNER, Trixy BOEVER, Tom JEMMING a Sebastian SCHMIT. Am opfällegsten den Comeback vum Mathis MICHELS, deen 2020 scho mol Vizepräsident wor an 2022 nach eng Kéier cooptéiert gi wor.
Albekannt ass och Anita BARTHELMY, d’Präsidentin vum letzte Joer awer an enger op den éischte Bléck fuschneier Funktioun, deeër vun der Éierenpresidentin, wellech di Jonk lo nei entdeckt hunn. D’Anita sot mir, et ging an dëser Funktioun och am Comité matschaffen, d’wier awer nach nit festgeluegt, wat genau et misst maachen. Sou ganz nei ass de Posten nit: schonn d’Statuten aus den 1960er hunn di Funktioun kannt. Artikel 12 sot nämlech:

Art. 12:
Tout président démissionaire peut être promu par acclamation de l’assemblée, président d’honneur pour une duré [sic] de 3 ans.

Méi wi 3 Joer huet deemols och kee Sënn gemeet, dono war den Éierenpresident sou oder sou kee Student méi. An de 1960er guff bal all Président sortant Éierenpresident genannt, an den 1970er koum d’Traditioun an de Vergiess, bis den Henri Kox 1990 se erëm entdeckt an de Rom zum Éierenpresident ernannt huet! Dono guff di Traditioun virugefouert, bis 1994, do guff se nees opginn. Deen Dag gouf dat iergendwéi vergiess an dunn ass se nees ageschlof.
Kuckt och di nei Säit mat Nimm a Fonktiounen vun allen Comitards vun AVL an Amicale.


Edit 7. März 2024:
Nodeems lo mol e puer Leit den Artikel gelies hunn, kruet ech nach nogedroen, dass no menger Zäit och den Chris EVEN an eisen aktuellen Anciens Präsi Guy LUX ebenfalls Éierenpresidente genannt gi woren. De Guy hat 2005 och d’REEL zu Oochen organisiert a den Titel domadder och richtig verdingt. Ech mengen, dass de Mike Wolter 1998 och de Präsident vun der Joerhonnertfeier, de Serge Simon zum Éierenpresident geschloen hat, si mir awer nit mi ganz secher.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.