Ennerlagen vun den AVL Keessieren an d’Veräinsarchiv intégréiert

Virun zwou Wochen hat sech de Kolleg Olivier Bormann bei mir gemelt. Den Olivier war bis Januar am Comité vum AVL an hat beim Raumen doheem eng Këscht mat ale Klasseuren aus den 1990er Joeren fond, a mech kontaktéiert. Hien huet se mir laanscht bruecht an ech hu festgestallt: et handelt sech em d’Keesebicher vun 1990-1998.

  1. Kontosauszicht vum alen PT Kont 1987-1991
  2. Kontosauszich vum ale BIL Kont
  3. Keesebicher vun 1990, 1991 an 1992 (Erpelding)
  4. Keesebicher vun 1993 (Kater) an 1994 (Nickels)
  5. Keesebuch an divers aner Dokumenter vun 1995 (Klop)
  6. E Classeur, wou Centenaire drop steet, awer di normal Kees vun 1997 (Wolter) dran ass
  7. Keesebuch vun 1998 (Dacosta)

D’Rechnungen waren nach bal all vollstänneg erhalen.
Des Dokumenter hunn ech geschter an d’Staatsarchiv bei d’Mme Schroeder gefouert, di se lo an eist Veräinsarchiv integréieren werd.
Wann nach ee vun Iech Dossieren doheem fend a nit wees wuer e se soll hindinn, meld Iech!

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.