Invitatioun Grillfest op Nationalfeierdag

Léif Al Oochener,

heimat luede mer Iech häerzlech an op onst traditionellt

Grillfest op Nationalfeierdag
Freides, den 23. Juni zu Bech-Maacher

 

Um Site vum Club Nautique du Luxembourg zu Bech-Maacher sidd Dir häerzlech wëllkomm fir mat ärer Famille ab 11h30 e flotten Metten op der Musel ze verbréngen. Mir bidden Iech folgenden Programm:

  • Aperitif
  • Gegrills mat allem wat dozou gehéiert
  • Dessert a Kaffi
  • Ronderemturnen op der Wiss mat Volleyball, Petanque, etc.
  • Spass mam Motorboot op der Musel mat Waasserschi, Banane, etc.

Den Site vum Club Nautique du Luxembourg (www.cnlwaterski.lu) ass direkt un der Musel, wann der vu Réimech kommt, hannert dem Hein lénks eran iwwert eng kleng Bréck.

Parken kennt der vis-à-vis beim Losch: 5, Quai de la Moselle zu Bech-Maacher.

Mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 21. Juni op onserem Internetsite www.aachen.lu un.

 

Léif Gréiss,

Fir de Comité

Sophie Hellinghausen


Bis elo sinn ugemellt:
[lop3 h=”1491569066″]

1 Trackback / Pingback

  1. Fotoen vum Pic Nic 2017 – Aachen.lu – die Aal Oochener

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.