Chargen an Aktivitéiten 2013

Säit dem Mäerz hu mir een neie Comité mat enger neier Spëtzt. Mëttlerweil hate mir zwou Comitéssëtzungen a si sou lues duerch de Besch, an ech ka Folgendes soen:

Zu de Leit

Well mir lo zu genuch sinn, hu mir eis d’Aarbecht e bëssen anescht opgedeelt, sou dass mir lo die folgend Zoustännegkeeten festhale kënnen:

Charge Numm Këmmert sech:
Präsident Daniel ERPELDING Am Zweifelsfall ëm alles, besonnesch awer ëm de Website.
Vize-Präsident a Jugendbeobtrachten Guy LUX Ëm alles, awer just wann de President nit kann. An éischter Linn soll hien de Kontakt mat dem AVL garantéieren
Secretär Michel ASORNE Ëm de Courrier an ëm d ‘Rapporten
Keessier Tom NICKELS Ëm d’ Finanzen am allgemengen an ëm d’ Cotisatiounen am besonneschen.
EierePräsident Louis PHILIPPE Ëm de Keelentournoi zu Féngig
Member André DETAILLE Ëm d’Grillfest op der Drëps
Gérant vum Membersfichier Christian EVEN Ëm d’Memberen, haaptsächlech ëm hier Donnéeën. Gitt him Bescheed wann dir plënnert oder eng nei Emailsaddress präféréiert

Sportsminister Jean-Paul SCHREINER Ëm de Football
Eventmanager Pierre SCHWEIG Ëm de Kalenner vun de Manifestatiounen
Member Jens CHRISTIANSEN  
Eiere-Präsident Jean FEYEREISEN  
Member Marc FISCHBACH  
Member Guy MAHOWALD  
Member Jean-Louis SALES  
Member Marc TOCK Ëm den Tennistournoi den 22.9.

Hei nach zwou Statistiken, iwwert d’Entwécklung vun der Zuel vun de Memberen, an deeër vun den Memberen am Comité.

Zu eisen Aktivitéiten

De Misch huet Iech et scho matgedeelt, di folgend Aktivitéiten stinn 2013/14 um Programm:

23. Juni 2013 Pic-Nic Drëps (Thillsmillen)

13. Juli 2013 Fussball Tournoi géint déi Jonk vum AVL, uschléissend e gemittlechen Owend zesumme mat de Studenten
  • Match: Mamer
  • Verlängerung: Bertrange
22. September 2013 Tennis Tournoi Moutfort (14h)
15. Oktober 2013 Keelespillen Fingig
9. November 2013 Agape Mondorf
20. Mäerz 2014 Assemblée Générale  

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.