No der Comitéssëtzung vum 30. September

Un der Sëtzung hunn deelgeholl, P: Louis Philippe, VP: Daniel Erpelding, T: Tom Nickels, MM. Pit Jacoby, Marc Fischbach a Guy Mahowald, souwéi d’Odette Jacoby.
Mir hunn eis am Casino 2000 getraff, well mir werten do eis Agape den 13. November hunn. Detailler werten Iech nach matgedeelt ginn.

Weider Saachen die mir diskutéiert an décidéiert hunn:

  1. Nodeems och den Tennis, manque de combattant ausgefall war, musse mir wuel der Realitéit an d’A kucken dass den Interêt fir des traditionnel Veranstaltung, insbesondere bei de jonke Memberen nit grouss genuch ass, fir den Obwand ze rechtfertigen. Mir werten bis op weideres kee méi organiséieren.
  2. Dogéint schéngt d’Keelespill nach op genuch Resonanz ze stoussen. D’Bunn vum letzte Joër war leider nit méi fräi, sou dass mir nach direkt den Owend eng aner organiséiert hunn: mir spillen den 20. Oktober an der

    Brasserie du Kirchberg
    193, rue de Kirchberg
    L-1858 Luxembourg

    Et kann een sech och ab sofort fir de Keelentournéier mellen.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.