Abschied vu 15 Oochener

Plakat fir den Abschied
Plakat fir den Abschied

Den Hoschi huet mëch gebieden, e bessi Reklamm ze maachen fir d’Abschiedsfeier vun e puer jonken Oochener. Daat erfreet eis vun der Amicale natierlich ganz vill, an hoffen, dass die Jonk die lo Oochen verloossen, sëch och bei eis areihen. Fir hinnen d’Saach méi einfach ze maachen sëch och bei der Amicale ze mëllen, hei ee Formulaire, eng Zort d’Demande d’admission wann dir sou wëllt.

Hei de Bréif vun denen jonken Aalen fir hieren Abschied

Léif AVL-ER,

d’Aktivitéite vum Summersemester si elo riwwer an et schéngt d‘Partyzait hätt sech definitiv verabschiedet fir enger langer, groer an unstrengender Klausurzait ze weichen.

Mais dëst Joer ass alles anescht, well déi aal Oochener invitéieren op hier Ofsch(l)ossparty:

7 Joer an näischt geléiert


–
Léiwer laang ewéi dichteg

Samschdes, den 22. August 2009 feiere mir, déi Aal Oochener (ganzer 15 un der Zuel ( = 2 X 7 + 1 ) eisen Ofschid. An zwar ass dat dëst Joer net am héischen Norden oder am Dierfche wou een en Been verléiert, mais am déiwe Süden, an zwar zu Diddeleng am Chalet St.Jean um Gehaansbierg.

Hei de Programm:

Samschdes, den 22.August:
Mëttes ab 14:00: Spiller an Form vun enger Miniolympiad mat flotte Fro an Äntwert-Spiller zum Thema “Neien Ancienen”.
Gesank: Evtl. erwarden mir nach en „Special-Invité“
Owes ab iergendswann: Paarty, leschtegen Gesellschaftsdanz, Nuetsaktivitéiten an Béier-Degustatioun.

Sonndes, den 23.August:
Moies: D’Sonn geht op.
Mettes – spéiden Nometten: Mier gin un di läscht Rechter vun Iessen an Gedrénks iwwer.

De Menu:

  • Béier mat Grillwurscht
  • Béier mat Kotelett
  • Béeir mat Mettwurscht
  • Béir mat „Blannem Jhang“
  • E Béier mat dem „blannen Jhang“
  • Béier mat Béier
  • Béier mat Brout
  • Béier mat Campari
  • Béier mat Kolleegen
  • Béier mat lénks
  • Béier mat riets
  • Béier à fond
  • Béier à deux

Fir Stäerkung ewéi Gegrills an natierlech och Béier ass also selbstverständlech en Masse gesuergt. (Keng Angscht et gëtt och all Stonn eng Schlupp Waasser fier déi Lait déi et net aneschters packen). An fier dat een net heemfueren muss, gin et genug Schloofplatzen, souguer mat Duschen.

Wat muss du elo man:

Iwwerweis 777 € op den … Quatsch:

• Hal der den Dag onbedéngt fräi a feier mat eis, wéi s du nach nie gefeiert hues.
• Kaaf eng Fläsch Schampes, CAMPARI oder Gin fir eis Cocktailbar ze vergréisseren oder fier dengen spezielle Wensch no ze kommen, resp. mach eis en klengen Don fir an eis Kees.
• Bréng deng Frendin mat.
• An seng Schwester.
• Du bass eng Frendin? – Loos dain Frend doheem…

Dofir kris du:

• Iessen a Gedrénks a gogo
• D’Telefonsnummere vun den weibleche Coorganisateuren
• En romantescht Iessen mat engem Partyorganisateur vun dengem Choix
• Eng onverwiesselbar typesch Oochener Stëmmung
• An keng roud Kaart vum Arbiter
• An en décke Merci fun eis all !

Also, bis spéitstens den 22. August zu Diddeleng

PS – All Mënsch den mat oder ouni Entschëllegung fehlt gëtt inculpéiert, stroofrechtlech poursuivéiert a vu speziell ausgebilte Söldnerelitencommandos visitéiert – An dat NET fir Téi ze drénken…

Merci soen:

Anne, Charel Arbiter, Christian G., Christian P., Christine, Dirigententheis, Fränky, Nadine, Léa, Max, Marc, Misch H., Misch S., Hoschi, Jan, Julien, Pol, Tom

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.