Di meescht Aktivitéiten vun der Amicale si Versammlungen geselliger Natur. Zum feste Programm gehéieren säit Joeren:
- Am Fréijoer, di statutarisch Generalversammlung, ob deer de Comité erneiert gëtt
- Am Summer op Nationalfeierdag d’Grillfest alias Pique-Nique
- Am Hiercht gëtt Keele gepillt
- an als festlichen Héichpunkt am Hiecht, d’Agape.
Weider Manifestatiounen wou et awer méi Schwankungen gëtt, sinn die folgend, éischter sportlicher Natur:
- Am Fréijoer, hate mir dachs een Treppeltour, seltener och eng Randonnée mat dem Velo
- Zum Enn vum Summersemester, ee Footballsmatch géint d’Studenten vum AVL. Säit 2024 ass dese Match duerch eng “Summerolympiad” ersat.
- Bis 2010 gouff et am Hiercht och nach een Tennistournéier.
Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.