Die nei Kallennersoftware

Nodeems se schon eng Zäitchen am Asatz ass, wier et vielläicht un der Zäit, die nei Kallennersoftware mol virzestellen. Sie get zwar nach laafend weiderentwéckelt, allerdings werd et just nach punktuell Verbesserungen ginn, ansonsten leeft se stabil.

D’Inconveniants vun der aaler Sofware.

  • Baséiert op fichier’en, souwuel fir d’Konfiguratiounen, ass wéi fir d’Daten
  • Schwierig ze warten, huet Schreiwrechter op dem Filesystem gebraucht a war an Joëresdossier’en organiséiert
  • Ausser dem Webmaster (mir) konnt konnt (praktisch) keen nei Daten androën1. -> Ausfallproblematik.
  • haat keen Floodingschutz, a war domadder fir SPAM ufällig. Erstaunlicherweis ass et allerdings baal nie zu Virfäll komm.

Features vun der neier Software.

  • Alles get an eng Datebank geschriwen
  • Et kënne nit just Terminer vun der Amicale agedroën ginn, mee och Datummer zu weideren Categorien, etwa vum AVL, oder vun den RWTH Alumni.
  • Manifestatiounen aus der Vergaangenheet si liicht nozedroën! Sou kann an Zukunft niewt der Geschicht vum AVL och eng Form vu Chronik vun der Amicale hei gebueden ginn.
  • D’Software ass nit (sou staark) op d’Besoin’en vun der Amicale zougeschnidden, mee kënnen och fir aner Club genotzt ginn.
  • Ënnerschiddlich Vu’en op d’Veranstaltungen si méiglich, z.B.
    • Een Kallenner mat dem Iwerbléck pro Mount (schon vum KJO programméiert)
    • Eng Gesamtiwersiicht mat allen Veranstaltungen,
    • Eng, Agenda genannten Iwersicht vun de Veranstaltungen pro Joër, z.B d’Agenda 2006.
    • Eng Detailusicht, z.B. vun den Informatiounen zur letzter Assemblée Générale
    • Eng Zesummestellung vun alle Manifestatiounen vun engem bestëmmten Typ, z.B. eng Lëscht vun den Agapen vun der Amicale. Interessant Saache get een do gewuer, etwa dass mir fréiher nach de Fausti engagéiert krueten, als Animateur.
  • Fir all Veranstaltung kann een (optionale) Formulaire (cforms II) uginn, mat dem sëch de Member umëlle kann
  • d’Software stellt och eng Lëscht mat denen bereed, die ugemeld sinn.

(.. to be continued)

  1. ëch haat zwar och dozou Code geschriwen, mee e war nit dokumentéiert a wuel ze komplizéiert ze benotzen []

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.