Invitatioun fir d’Keelespillen zu Angelduerf

Léiwen aalen Oochener,

Als optimal sportlëch Virbereedung op den Ausfluch op Oochen proposéiert de Comité vun der Amicale folgend quasi-olympesch Aktivitéit:

Keelespillen

beim

Äppel a Biren

Rendez-Vous as e Mëttwoch den 03. Oktober 2012 um 19h30 zu Angelduerf am Restaurant Äppel a Biren (1, route d’Ettelbrück, L-9160 Ingeldorf). Natiirlech stärke mer eis kräfteg éier mer ëm de grousse Pokal wettäifferen.

Mir wäre frou wann’s Du Dech bis den 29. September per Internet (www.aachen.lu) oder Email bei eisem Keele-Spezialist, dem Jean-Paul Schreiner géifs umellen (jhemp@internet.lu).

Gudd Holz

Michel

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.