Assemblée Générale 2026, den 12. Mäerz 2026

Léif al Oochenerinnen an Oochener,

Nodréiglech wënscht Iech de Comité alles Guddes am Joer 2025. Natierlech wäerte mer Iech och dëst Joer nees flott Aktivitéite proposéieren.
AG am Restaurant D’Rackett
Donneschten, den 12. Mäerz 2026 ab 19:30
15, rue Atert L-8051 Bartreng

Op der Dagesuerdnung stinn:

  • Allocutioun vum President
  • Aktivitéitsrapport vum Secrétaire
  • De Bilan aus der Siicht vum Trésorier an Avis vun de Keessëréviseuren
  • Décharge vum Comité fir den Exercice 2025
  • Wal vun de Comitésmemberen
  • Op dëser Platz kennen sech intresséiert Membere melle fir an de Comité ze kommen.
  • Virschau op d‘Aktivitéite fir d‘Joer 2026
  • Verschiddenes

Clôture vum Compte bei der BIL

Mir hunn onse Compte bei der BIL aus Käschtegrënn zougemaach.
Wa weiderhin op dëse Compte Suen iwwerwise ginn, kascht de Retour 7 Euro. Dat heescht, datt vun 20 Euro just 13 Euro zeréckkommen. Dofir biede mer Iech, ab elo, äre Membersbäitrag vun 20 Euro just nach op onse Compte bei der Poste (CPPL) ze iwwerwisen.

Titulaire: AMICALE DES ANC ETUDIANTS DE L E P A
Kontosnummer: LU82 1111 0443 2593 0000
B.I.C.: CCPLLULL

Mir wäerten demnächst mat den Detailer vum Menü op Iech zeréck kommen.. Mellt Iech w.e.g. bis den 9. Mäerz iwwert de Formulaire ënnen un.

AG 2026

AG 2026

Et sinn ugemellt:

Numm
Virnumm
Even
Christian
Strasser
Jean-Marie

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.