Verbesserungen un der Software an de Gebuertsdaag vun der ANEIL

An de letzten dräi Wochen guffen wesentlich Deeler vun der Software fir eise Site neigeschriewen, haaptsächlich betreffend d’Gestioun vum Membersfichier, waat een vu baussen awer nit gesäit. Am eenzelnen:

  • All Member vum engere Comité misst lo kennen, mat relativ wéinig Opwand eng Manifestatioun samt Umeldeformular an eisen Aktivitéitskalenner androen
  • d’Parameteren dovunner änneren,
  • d’Leschten vun denen die sech ugemeld hunn, verwalten (z.B. déi vun der Assemblé générale)
  • sämtlich Angaben zu de Memberen an eisem “Fichier” änneren (daat kenne registréiert Memberen iwrigens och selwer!!)((31.5.2009: Feature deen nees heut misste faale gelooss ginn. Wor nit ausgereift an dohier ze geféierlich.

Vun den Annerungen no baussen sichtbar sinn:

  • Am Standardlayout get lo lënks op der Säit, vun lo uns emmer uginn, wellech die nächst Manif ass
  • Den neien Formulaire fir Member kennen ze ginn (Demande d’Admission). Demnächst well ech nach eng Software schreiwen, mat wellecher des dann automatisch kënnen auswert ginn.
  • Eng nei Comiteslescht

Die lescht genannten guff sou erweitert, dass een nit just kann sech Leschte vun den Präsidenten, Sekretären, synoptisch Lescht1 mee och z.B. die historisch Comité’en vum AVL ka ugewiesen kréien, an esou guer déi vun der ANEIL ((just 2007+2008)!
Well e ganze Koup aal Oochener waren am Comité vun deser Aneil, an zoufällig feiert déi lo och nach 50 Joer Gebuertsdaag, daat an engem Joer, wou nees een Oochener, de Philippe Alzin Präsi ass! Hinne welle mir dann och hellefen, fir dass daat Fest een Erfolleg get!

  1. wien déi kucken wellt, schalt virdrunner am beschten op de Layout “Sandbox”, well die geet nit gudd op eng Säit. Op hier gesäit een dofir awer ganz gudd, wéi sech den Comitö entweckelt huet []

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.