Zur Erklärung vun der Widmung:
D’Buch wat agescannt ginn ass, war dat perséinlicht vum Daniel Erpelding.
De Sylvain Schrantz war 1989 a 1990 Member am Comité an huet sech, zesumme mat dem André Schwarz ëm d’Kultur gekëmmert.
Den Daniel Erpelding war deemols Keessier. Als Keessier huet hien dem Sylvain d’Suen fir d’Erstellen vum Lidderbuch virgestreckt. Dowéinst huet de Sylvain hien als “Geldoder” bezeechent.
Wi hien op der Generalversammlung am Januar 1991 d’Lidderbuch virgestallt huet, huet de Sylvain gläichzäitig gesot, dass hien nit mi fir de Comité ging kandidéieren, anescht wi den Daniel Erpelding, deen och an dem Joer Keessier vum Club bliwwen ass. Dohier war d’Geldoder lo “verdreschent”, well de Sylvain jo lo kee Mandat mi hat.
Eischt Säit vum “Tuutebatti” vun 1990
éischt Säit vum Tuutebatti, mat Widmung vum Auteur Sylvain Schrantz un de Besëtzer vum Buch, Daniel Erpelding
Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.