Texter vun der Broschüre fir 125 Joer AVL si lo all online

Virun engem Mount hat ech ugefaangen d’Texter vun der Broschüre online ze setzen, an elo si mir domadder fäerdisch. Dir fand se iwwert de Menu:

-> avlhistory -> 125 Jahre AVL

Oder als URL: https://www.aachen.lu/avlhistory/125-jahre-avl/

Ech hat dobäi mat mengen eegenen Texter ugefangen, well ech wollt vun all Auteur, di ausdrécklich Erlabnis hunn, hier Texter och online ze setzen, well et mecht menger Meenung no, schon e gewëssen Ennerscheed. Dem Nicole Hartmann an dem Felix Papier hier Texter waren dobäi scho laang online, ansonsten war et dat einfachst, fir mech selwer als éischt ze froen, ech hat mir och nit nee gesot.

Di eegen Texter waren allerdings och am schwéiersten ëmzesetzen, well do sou vill Foussnouten dra sinn, notamment an der Chronik. Wi ech di bis hat, gung et mat deenen aneren super schnell. Ech hunn d’Geleeënheet genotzt fir am Original nach e puer Fehler ze verbesseren, an e puer Fotoën bäizesetzen.

Mir hunn domadder di folgend Bäiträg online:

  1. Grußworte des Schirmherrn und der Rektoren von RWTH und FH Aachen
  2. Zum Geleit
  3. AVLhistory – Die Chronik – Teil I
  4. Exkurs: Die Gründung des AVL
  5. Die Entwicklung der Zahlen der Luxemburger Studenten in Aachen bis 1939
  6. Biographie von Pierre MOURIS (1851-1918)
  7. Biographie von Camille KEIFFER (1879-1940)
  8. Biographie von Félix PAPIER (1894 – 1969)
  9. Die Digitalisierung rund um den AVL und die RWTH
  10. Ein zünftiger Studentenstreich aus den 2000er Jahren
  11. D´Oochener Fraen
  12. Vun der Drëppchen bis zum Lion Sleeps Tonight
  13. Den AVL Chouer aus der Siicht vum Dirigent
  14. Tournoi de Noël
  15. Kulturreesen AVL
  16. Staffellaf
  17. Den AVL zu Zäiten vum Coronavirus
  18. Die Comités des Akademischen Vereins d’Letzeburger und der Amicale
  19. Kleine Zeittafel zur Geschichte von AVL und Amicale
  20. Anhang:

Wien lo gären een Iwwerbléck hätt, wat sech hannert den Titelen verstoppt, dee liest am beschten d’Virwuert “Zum Geleit“, wou di eenzel Artikelen e bessi virgestallt sinn. Well ech hu mir e och Méi ginn, fir och ee Mehrwert vun enger Onlinefassung ze schaffen, andeems ech besonnesch Wert op HTML Links leeën, notamment wann et se online ginn, op d’Quellen an op Querverweiser zu aneren Artikelen, soit an der Broschüre, soit op aner Artikelen op aachen.lu.

Wa mir weiderer Querverweiser di dra sinn afallen, wärd ech on an Zukunft weider Links setzen, d’Texter selwer wëll ech awer ab haut mat Rou loossen, mat Ausnahm vun engem: der “kleine Zeittafel“. Di heescht natierlich esou, well et och eng grouss gëtt, an deeër ech all Datum wat ech wichtig fannen mat der Quell festgehalen hunn, an di op mannst emol virleefig nit veröffentlicht gëtt. Dest, well d’Aarbechten och heimadder nit ofgeschloss sinn. Wi der wäerd mierken hält d’Chronik em 1960 op, an ech wëll fir eng spéider Geleeënheet nach deen zweete, noutfalls drëtten Deel schreiwen. Dowéinst huet eng Klammer gefeelt, et guff keene richtig Iwwerssicht. Di sollt dofir d’Kleine Zeittafel hierstellen.

Wien sech gären d’Broschüre ausdréckt, kann sech di folgend Fichieren am PDF eroflueden:

Di Leit di un der Broschüre matgeschafft haten, wärte mierken, dass d’Reihenfolleg e bessi un deer di mir 2022 festgeluegt haten, ofweischt an och vum deeër am Prototyp deen ech 2023 kompiléiert hat1. Dest aus technische Grënn: Engersäits sinn Taille vun de Fichieren di den Webserver eropluede kann, begrenzt, an anerersäits och an d’Unzuel vun de Säiten, di üblich Drocker als Broschüre drecken können. Dofir hunn ech de Fichier an dräi Deeler opgesplekt an och d’Fotoen si just an “Internet” Qualitéit. Dozou hunn ech versicht se an eng gewësse logisch Reihenfolleg ze brengen, an d’Artikele manner thematisch, manner chronologisch mee mi no Auteuren ze gruppéieren, fir dass ee fir Querverweiser just an engem Heft bliederen muss. Deen éischten Deel si praktisch just meng Artikelen, da kommen di von den Gastautoren, dann di von den alen Oochener, dann di vun de Studenten, an den Anhang natierlich ganz zum Schluss.

Nach een Wuert zum “featured image”:

Et huet hat der Broschüre nit vill ze dinn an ass och nit dran. D’Foto guff op der 125 Joerfeier geschoss, an et soll einfach d’Foto vu Keiffer an Dondelinger, ergänzen. Wi hu Studenten sech em 1900 ofliichten loosst a wéi 2022.


  1. vun dem wat mir uerspünglich wëlles haten, mol guer nit ze schwetzen []

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.