Visite vum Nationalarchiv

When:
May 13, 2023 @ 09:00 – 15:00
2023-05-13T09:00:00+02:00
2023-05-13T15:00:00+02:00
Where:
Helleggeescht Plateau
1356 Luxemburg

Léif al Oochenerinnen an Oochener,

Déi nächst Aktivitéit op déi mer Iech invitéieren huet e kulturellen Touch. Wéi der vläicht wësst huet eisen Éierepresident, den Daniel Erpelding, iwwer eng laang Zäit historesch Spuere vum AVL gesammelt. Dës bestinn aus Dokumenter wéi z.B. Postkaarten, al Zeitungsartikelen, Photoen asw. an och aus Devotionalien wéi z.B. Béierkrou, Bierzipfel oder Bierkomment. Déi ganz Sammlung huet den Daniel virun e puer Joer dem Nationalarchiv iwwerlooss. Dësen huet der Sammlung och tatsächlech een historesche Wäert zougesprach an sech och bereet erkläert d’Sammlung fir d’Nowelt ze konservéieren. Mir wëllen alle Memberen d’Geleeënheet ginn, dës Sammlung vun noem ze betruechten. Dofir invitéiere mer Iech op eng

Visite vum Nationalarchiv
Samschdes, den 13. Mee 2023 um 09:00
Treffpunkt ass um Helleggeescht Plateau an der Stad

Vum Treffpunkt um Helleggeescht Plateau trëppele mer zesumme bei d’Nationalarchiv. D’Visite wäert guidéiert ginn vun der Madame Schroeder, Archivistin bei der Nationalgalerie, a wäert ongeféier zwou Stonnen daueren. Uschléissend wäerte mer zesummen een Apéro zou eis huelen a schliisslech um Mäertchen zu Mëtteg iessen. Mellt Iech w.e.g. bis den 11.5., wéi gewinnt mathëllef vum Formulaire heirënner un, wann Dir wëllt dobäi sinn.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.