Wéi maachen ech e Posting mat ville Fotoën?

No engem schéine Fest huet Dir villäicht e puer Fotoë gemeet, di sollen online gesat ginn. Dozou maacht Dir am beschten een aktuelle Posting mat enger sougenannter Gallery.

Wat ass virdrunner ze maachen?

  • D’Fotoën vun der Kamera op de Computer brengen (gëtt hei nit gewisen, dat ass bei all Kamera anescht. Kuckt do ggf. d’Gebrauchsanweisung vun Ärer Kamera)
  • Ggf. d’Fotoën reduzéieren (dofir gëtt et och eng Gebrauchsanweisung)
  • D’Fotoën zenséieren (Muss di Foto wierklich op d’Internet? Kréien ech do kee Kaméidi mat dem an dem?)

An da lass

  1. Als éischt musst Dir Iech aloggen.
  2. Da maacht Dir een neie Posting. Entweder mat “new Post” oder dir klickt d’éischt op Posts an dann op add Post.
    posts-new-post
  3. Als nächst sinn dann e puer Felder auszefëllen; op der Zeechnung blo markéiert:
    • 1: Ee sënnvollen Titel
    • 2: Ganz wichtig; op geeegneter Plaz muss Dir d’Wuert

      [gallery]

      (gallery mat eckige Klammeren, alles kléng geschriwen) plazéieren. Domadder kritt d’Säit de Befehl fir herno d’Fotoën op genau deer Plaz unzeweisen.

    • 3: Als Kategorie dierft an deene meeschte Fäll “Aktivitéiten” eng gutt Wahl sinn

    posts-fillin4foto

  4. Als nächst mussen mir dann d’Fotoën op de Computer sichen goën, dozou klicke mir:
    • 4: op add Media
  5. Am folgenden “insert media” Dialog klicken mir op upload images
    posts-uploadimages
  6. An dann klicke mir op [select images]
  7. Lo kënne mir d’Fotoën op eisen eegene Computer sichen goën. Dir musst da just nach op [open] klicken.
    posts-picture-library
  8. Wa se all eropgeluede sinn, komme mir automatisch zréck an den “insert media” Dialog. Do drécke mir op dat Kräiz uewe riets, a kommen zréck zum “add new Post” Dialog. Da musse mir just nach
    • 5: op [publish] drécken.

Ferdisch! klickt einfach op view Post a kuckt Iech d’Resultat un!

Kuck och

weider Texter dozou op aachen.lu

A wat soen se op WordPress dozou

Gebrauchsanweisungen op WordPress

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.