Wéi kann ech een Datum an de Kalenner androen?

Am Kalenner sollen d’Daten fir eis Manifestatioune festgehale ginn, sou dass si ëmmer op der rietser Säit op eisem Website ze gesi sinn, egal, wéi een Bäitrag (Posting) als letzt verfaasst ginn ass.
Als éischt a wichtegsten Operatioun kucke mir mol, fir eng nei Entrée am Kalenner ze maachen, an eisem Beispill maache mir ee Footballspill géint di Jonk aus:

Een Event crééieren

  1. Klick op d’Schaltfläch “Events”
    Et ginn zwou Méiglechkeeten1 fir een neien Event derbäi ze maachen mat “Add New”
    kalenner-add-event-detail
  2. Klick op [Add New]
  3. Dono geet een Formulaire op, wat just nach muss ausgefëllt ginn.
    kalenner-fillin-new-event
    Pflichtfelder sinn dobäi:

    • Den Titel, hei: Fussball géint die Jonk
    • Den Datum, wéini et ass: hei den 13. Juli 2013. Et kann een dobäi een Datepicker benotzen.
    • An d’Kategorie: an eisem Beispill ass “Manifestations Amicale” ze wielen.2
  4. Da just nach [Publish] drécken, a schon ass eng Manif derbäi komm.
  1. Eng drëtt Méiglechkeet besteet doranner: soubal een ageloggt huet een och ëmmer uewen am Bild, wann een do op “+New” klickt, niewt Post, Page etc. och een neien Event derbäi maachen.
    kalenner-add-new-alternative []
  2. nëmmen Terminer aus deer Kategorie ginn och riets op der Säit ugewisen []

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.