Wéi schreiwen ech een Artikel (post) op aachen.lu?

De Virdeel vun engem Website deen nom Content Management System wi eisem funktionéiert ass deen, dass nit just de Webmaster kann Artikelen verfaassen mee am Prinzip jiddereen, deen dofir zougelooss ass. Een typischt Beispill fir een Artikel, am Fachjargon “post” genannt, wier z.B. de Bericht vun enger Aktivitéit, oder d’Invitatioun zu enger sollecher. An der Regel ginn di vu Comitésmemberen verfaasst, mee nit noutwendigerweis.

Prérequis

  1. Dir braucht e Usernumm an e Passwuert (voir: Wéi kréien ech ee Username?)
  2. Dir musst mindestens d’Rechter vun engem “Author” hunn

Wat muss ech da mindestens maachen?

  1. Dir musst Iech aloggen
  2. Dir musst een nei Post uleeën.
    Dofir gëtt et direkt e puer Méiglichkeeten.

    1. Um Dashboard (Banneberäich nom Aloogen), op der Leescht uewen, op “+NEW->Post” drécken.

      Abb 1. Standard Vu bannen & iwwer de Quick Draft
    2. Um Frontend op der Leescht uewen, op “+NEW->Post” drécken.

      Abb 2. Geet och vum Frontend aus.
    3. Am Banneberäich d’Felder vu “Quick Edit” ausfëllen an [Save] drecken (voir Abb. 1, riets an der grenger Këscht.)
    4. >Am Banneberäich, de Menupunkt “Posts->add new post” drécken.

      Abb 3. Mat “Add new”, di eelsten a secherste Methode.
  3. An d’Felder “Iwwerschrëft” (Subject ) an “Text” ëppes sënnvolles aginn.1
  4. Op de Knapp [Publish] drécken.

    Abb 4. Mindestangaben bei engem Posting.

Voilà, dat war et schon! Wann Dir just einfach nëmmen een Text schreiwe wëllt, geet dat so déck duer!

Weider Elementer

Den Editor.

WordPress ass keen Officeprogramm. Fir dass een awer kann sou ënnerschiddlich Elementer wéi, Biller, Tabellen, Textervirhiewungen etc. ka benotzen, brauch een en Editor, dat ass am Prinzip di grouss Këscht. Mir benotzen dee klassischen Editor, WordPress préconiséiert allerdings den “Gutenberg”.
De klassischen Editor beherrscht zwee Modi:

  1. “Visual”, dat fillt sech sou ähnlich un, wéi een Textveraarbechtungsprogramm.
  2. “Text”, dat ass fir déiu, di nach d’HyperText Markup Language (HTML) beherrschen.

Affaire de Gout. An der grousser Këscht uewe riets, kann een hinanhier schalten.

Abb. 5 Lag vun der Schaltfläche fir Visual oder Text Modus

Biller

Zeechnungen oder Fotoen maachen een Text dachs méi liesenswert. Biller ginn héichgelueden an dann an die sougenannten Medialibrary drangesat.
Mir ënnerscheeden zwee Fäll:

  1. Mir wëlle just e Bild an den Text afügen. Dozou:
    1. klicken mir op d’Schaltfläch [Add Media]

      Abb. 5 Button Add Media
    2. Da kommen mir an d’Medialibrary a sichen eis entweder do een Bild eraus, wat schon een aneren eropgelueden huet. Wa mir eent uklicken, dann mecht WordPress ee bloen Kreepchen derbäi dass et ausgewielt ass.
    3. Oder mir drécken uewen lenks op d’Schaltfläch “opload” a können e Bild vun eisem PC héichlueden.
      Abb. 6. Entweder aus der Medialibrary auswielen, oder héichlueden.
    4. Anschliessend musst Dir nach op [insert into post] drécken.
  2. Di zweet Méiglichkeet ass, fir e ganzen Album erofzelueden, an deen och als solchen ze präsentéiern. Dofir hunn mir een eegenen Artikel geschriwwen! Kuckt: Wéi maachen ech e Posting mat ville Fotoën?

Iwwerschrëften

Ass den Text e bessi méi laang, ass et eng gudd Idi, fir en mat Iwwerschrëften ze glidderen.

Am Modus “visual” markéiert een den Text a weist him mat dem Rollbalken “paragraph” d’Eegenschaft “Headings” zou.

Abb 7. Auswahl vun den Headings am Modus “visual”

Am Textmodus muss een den Text mat de sogenannten HTML Tags ëmklammeren, z.B.: <h2>Iwwerschrëft</h2>

Een Inhaltsverzeichnis

Wann et méi Iwwerschrëften sinn, kann een AM TEXTMODUS de folgenden Befehl afügen:

<!––TOC––>

Dat steet fir Table of Content. Da generéiert de Posting een Inhaltsverzeichnis, wéi uewen an desem Text.


  1. Tipp fir sënnvolle Sujet. Schreift nit “Invitatioun fir d’Agape”! Deeër gëtt et all Joer eng, mee z.B. “Invitatioun fir d’Agape 2020” []