125 Joer AVL: Séance Académique mat uschléissender Soirée de Gala

When:
October 22, 2022 @ 18:00 – October 23, 2022 @ 03:00
2022-10-22T18:00:00+02:00
2022-10-23T03:00:00+02:00
Where:
Hotel Parc Belle Vue
5 Avenue Marie Thérèse L-2132 Luxembourg

Léif al Oochenerinnen an Oochener,

De Comité vun der Amicale des Anciencs Etudiants Luxembourgeois de l’EPA ass houfereg, Iech an är Begleedung, ulässlech dem 125. Anniversaire vum Akademischen Verein d’Letzëbuerger, ze invitéieren op eng exceptionnell

Séance Académique mat uschléissender
Soirée de Gala,
Samschdes den 22. Oktober 2022,
am Hotel Parc Belle-Vue an der Stad
Goeres Hotel – Conference Center – 5 Avenue Marie Thérèse L-2132 Luxembourg

Programm:
18h00
Séance Académique mat: Rieden, e. A. vum Här Minister Henri Kox; engem Virtrag zur Geschicht vum AVL; enger Austellung mat Exponater aus dem Nationalarchiv; an engem Optrëtt vum Ancien Männerchouer

19h00
Apéritif

20h00
Soirée de Gala mat Iessen an uschléissend mat Danz a Gesang bis spéit an d‘Nuecht
Fir Stëmmung suergt den DJ Serrig

Mellt Iech w.e.g. bis den 17. Oktober iwwert de Formulaire weider ënnen un oder per Telefon ënnert der Nummer 691722668. Mir géingen Iech bieden, d’Contributioun vu 60 Euro pro Persoun bis den 17. Oktober entweder op eise Kont ze iwwerweisen, oder mat Hëllef vum Payconiq-QR-Code ënnen ze bezuelen.

Iessen an Apéritif sinn an deem Präis mat dran, d’Gedrénks iwwer Dësch an op der Party musst Dir dogéint gesonnert sur place bezuelen. Fir z’iessen proposéiere mer Iech dräi Platen au choix jeeweils mat Entrée, Haaptplat an Dessert. Mir bieden Iech nach, ons äre Menu-Choix bei der Umellung matzedeelen.

An der Hoffnung Iech all den 22. Oktober ze gesinn,
De Comité

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.