Communiqué Mee 2022: Staffellaf, Football, Grillfest a Ponttorfest extended

Léif al Oochenerinnen an Oochener,
Mir hoffen dir sidd all gutt a Form a motivéiert well een immens sportleche Juni op eis duer kënnt. Zumindest wat d’Aktivitéiten ubelaangt.
Den 21. Mee féiert den AVL Staffellaaf bis bei den Anciens President Heem op Bartreng. Dofir gëtt et eng Réceptioun mat Éierewäin um 16h00 bei der Bartrenger Gemeng. Jiddereen dee wëllt ass invitéiert hei deelzehuelen.

Ziil vum AVL Staffellaaf mat Éierewäin
Samschdes de 21. Mee 2022 zu Bartreng
2 beim Schlass | L-8058 Bertrange

Weider geet et dann mat onser sportlechster Aktivitéit am Joer an zwar :

Fussball géint di Jonk an Tutschemillen
Samschdes de 18. Juni 2022 zu Wegdechen
10, am Pëtz Weidingen

Treffpunkt ass um 14:00 Auer zu Wegdechen bei Wolz um synthetischen Futtballsterrain. De Match gëtt géint 15:00 ugepaff. Et ginn ëmmer Amateuren fir ze spille gesicht. Also zéckt net a mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 16. Juni um Internetsite www.aachen.lu un. Fir déi 3. Halbzeit fanne mer eis dann all erëm op der Tutschemillen (op 500 m vum Terrain).

Kuerz duerno, kënnt schonn direkt den nächste Rendez-vous, an zwar d’

Grillfest op Nationalfeierdag
Donnesdes, den 23. Juni zu Bech-Maacher

Ab 11:30 Auer begréisse mir Iech an är Famille erëm wéi soss gewinnt ganz häerzlech um Site vum Club Nautique du Luxembourg zu Bech-Macher.
Den Oflaf ass wéi gewinnt:

  • Aperitif
  • Gegrills mat allem wat dozou gehéiert
  • Dessert a Kaffi
  • Ronderemturnen op der Wiss mat Volleyball etc.
  • Spaass mam Motorboot op der Musel mat Waasserschi, Wakeboard, Wakesurf oder Promenade

De Site vum Club Nautique du Luxembourg (www.cnlwaterski.lu) ass direkt un der Musel, wann der vu Réimech kommt, hannert dem Hein lénks eran iwwert eng kleng Bréck. Parke kennt der vis-à-vis beim Losch: 5, Quai de la Moselle zu Bech-Maacher. Mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 21. Juni op onsem Internetsite www.aachen.lu un.
Et bleiwt nom Grillfest awer net laang Zäit fir ze raschten, well den AVL invitéiert all Ancienen ulässlech der 125 Joer Feier op:

125 Joer AVL: Ponttorfest Extended
Freides bis Sonndes, den 24., 25. a 26. Juni zu Oochen

Den AVL huet fir seng Memberen an d’Ancienen een super flotte Programm vum 3 Deeg op d’Been gestallt deen een sech op kee Fall entgoe sollt loossen. All Detailer fannt Dir op der Invitatioun vum AVL, déi ech Iech un dëse Communiqué ugespéngelt hunn. Wichteg ass dat Umellung muss duebel gemaach ginn, beim AVL an awer och op www.aachen.lu. Treffpunkt ass Freides 19h00 am Stehgraa (Kapuzinergraben 2, 52062 Aachen) fir den Apéro ennert Ancienen. Fir den Transport ass jiddereen selwer zoustänneg.

Save the Date

Soss steet nach folgend Aktivitéit um Kalenner:

  • 22. Oktober: Galadîner ulässlech 125 Joer AVL

Ech erlabe mer Iech och nach eng Kéier drun ze erënneren datt eise Membersbäitrag fir d’Joer 2022 onverännert bei 15€ läit. Iwwerweist Dofir w.e.g. är Cotisatioun mam Vermierk “Cotisatioun 2022” op ee vun de Compten:
CCPL : LU82 1111 0443 2593 0000
BILL : LU79 0027 1005 3380 0000
Alternativ geet och Digicash (Payconiq) mat Hëllef vum QR-Code.
QR Code fir d'Cotisatioun

Merci am Viraus.
Mat beschte Gréiss, fir de Comité,
Jean-Marie Strasser

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.