Dir kënnt lo och d’Cotisatioun mat Digicash bezuelen

Lo wou et sech mat der sanitairer Krise e bessi berouegt huet, leet d’Amicale nees richtig lass! Eng Rëtsch Aktivitéiten stinn um Programm, an alles dréit sech dest Joer ëm di 125 Joer di et hier ass, dass eise Studenten- an Absolventeveräin gegrënnt ginn ass.
Fir unzefänken hu mir eng Bestandsobnahm gemeet, a festgestallt, dass eise Membersfichier guer nit méi à jour ass. Dir kënnt eis hëllefen, an deems Dir nokuckt, ob Dir och fir dest Joer cotiséiert hutt. Well dann, an nëmmen dann <=> kritt Dir eise Courrier, och falls Äre Numm nach sollt an eisem Fichier dra sinn. Dofir kuckt emol an eiser eiser Memberslescht no, op Dir do drop stidd! Wann Äre Numm fehlt, Dir awer secher sidd bezuelt ze hunn, hu mir villäicht eppes vergiess! Maacht dann einfach eng Mail un eise Comité: comite@aachen.lu. Falls nit: eise Membersbäitrag fir d’Joer 2022 läit ëmmer nach onverännert bei 15€. Iwwerweist dofir w.e.g. är Cotisatioun mam Vermierk “Cotisatioun 2022” op ee vun de Compten:
  • CCPL : LU82 1111 0443 2593 0000
  • BILL : LU79 0027 1005 3380 0000
Mëttlerweil kann een och per Digicash (Payconiq) mat Hëllef vun eisem QR-Code cotiséieren:QR Code fir d'Cotisatioun

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.