Wat ass den Ënnerscheed tëschent engem Post an enger Page?

D’Software di erausgewielt gouf fir aachen.lu ass WordPress, an dowéinst ass dëse Site och als Blog organiséiert. Dowéinst gëtt et zwee Grondtypen vun Bäiträg di ee Benotzer ka verfaassen, bzw. d’ Internauten liese kënnen:

  1. Deeër deenen hier Plaz mat der Zäit variéiert, genannt Postings oder Blog Bäiträg.
  2. An deeër mat fester Plaz, Pages oder Säiten genannt.

Doniewt kënnt WordPress awer nach weider Typen, deenen een hei ka begéinen, wéi z.B. medias oder attachments (an der Regel: Biller), ob déi mir hei nit weider wëllen agoen.

Wéini huele mir wat?

Posts

Eng Invitatioun fir eng Versammlung, e Rapport vu sou enger etc. Verfaasst een am beschten als Post. Postings kënnen kategoriséiert (categories) ginn, an zu bestëmmen Stéchwierder (tags) verfaasst sinn. Eng Zesummefaassung vun alle Postings oder Blogbäiträg fand Dir am Blog Archiv, witzegerweis eng Page (!).

Pages

Pages hellt een am beschten fir Saachen di nit sou séier änneren, wéi z.B. d’Statuten, den Historique vum AVL vun 1997, oder eng Gebrauchsanweisung wie des Säit hei, also Saachen di de Lieser wëll séier kënnen erëm fannen. Pages kënnen, anescht wéi Postings och hierarchisch gegliddert ginn, sou dass eng Säit kann eng Ënnersäit vun enger anerer sinn.

Kuck och

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.