Wéi reduzéieren ech meng Fotoen fir op de Site?

Di digital Fotoapparater ginn ëmmer besser, a mat der Unzuel vun de Pixelen gëtt net just d’ Qualitéit vun der Foto besser, mee d’ Späicherplaz déi se brauchen erhéicht sech och. Fotoen mat enger méi héicher Opléisung gesinn um Bildschirm an op Pabeier besser aus, am Internet awer net onbedingt. Dofir brauchen se, wa si geluede solle ginn, awer wesentlech méi laang Zäit an dofir sollt een drun interesséiert sinn, fir just eng reduzéiert Copie online ze setzen.

Wann een op eng Manif vun der Amicale war, dann huet ee bestëmmt net just eng, mee e ganze Koup Fotoën, di mussen reduzéiert ginn. Fir kéng Mippercher ze kréien, wann een déi eenzel muss méi kléng maachen, hei eng Methode mat engem Gratispgramm ënner Windows, dem Irfanview. (offiziell Säit: http://www.irfanview.com/)1

  1. Den Terrain präparéieren
    Am Explorer vu Windows bewege mir eis dohinner, wou d’Fotoën leien. Am beschte maache mir do nach een neien Dossier op, dee mir “reduced” nennen.
    Windows-create-new-folder
  2. Da musse mir den Irfanview starten. Dozou
    • klicke mir iergendeng vun de Fotoen un
    • riets Maustast
    • an am Kontextmenu wiele mir “open with irfanview”

    windows-open-with-irfanview

  3. Wann den Irfanview gestart ass, wiele mir am Menu de Punkt file->batch conversion/rename (B). Einfach d’Taste [B] drécke geet och! Am Menu deen dann opgeet get et e puer Saachen unzeklicken.
    irfanview-batch
    Der Reih no:

    • 1: [add all] drécken
    • 2: Eraussichen wat een maachen wëll. Ech wielen meechtens d’Optioun 3.
    • 3: De Kreepchen bei “advanced” maachen.
    • 4: op [advanced] klicken. Lo geet een Dialog op, wou een astelle kann, wéi die Verkléngerung soll erzielt ginn.
      irfanview-advanced
      Wat een hei wielt ass Affaire de gout.
    • 5:Klick op [“use current (“look in”) directory]
    • 6:Do wiele mir dann deen Dossier “reduced”, dee mir d’éinischt geschafen hunn
      irfanview-dossier-destination
    • 7: An zum Schluss brauche mir just nach op [start Batch] ze drécken, a scho schafft den Programm. Wann en domadder ferdisch ass, verloosse mir den Dialog mat [Exit Batch]
      irfanview-batch-termine
  4. Dat war et! Lo hu mir ënnert dem Dossier “reduced”, verklénger Versioune vun eise Fotoë leien. Villeicht sollt een nach eng Kéier ënnert deenen ausmëschten, ier een se dann all héischlued.
  1. Hei gëtt lo nit beschriwwe, wéi een den irfanview installéiert, ech ginn dervunner aus, Dir hätt e schon []

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.