Léif al Oochenerin, Léiwen alen Oochener,
Hei dat Wichtegst falls Du als Ancien un der REEL 2026 zu Oochen wëlls deelhuelen :
REEL 2026 zu Oochen
Anciensprogramm
Vum 25. – 27. September
Plaze fir d’Anciene sinn op 30 limitéiert
Umeldung:
D’Umeldung start den 11. Juli um 18:00 Auer. Ab deem Moment ass de Google Forms vun der REEL fräigeschalt. Déi éischt 30 Anciene déi sech hei androen, sinn dann definitiv ugemellt.
Hei ass den Hyperlink zum Umeldungsformulaire:
Fir een Iwwerbléck iwwert Participanten ze halen, biede mer Iech zousätzlech och nach emol op eisem Formulaire op ënnen anzeschreiwen. Dëst zielt net als Umeldung!
Provisoresche Programm:
– Freides: 19h00 Apero am Stehgraa, uschléissend Owesiessen a Party am Barbarossa
– Samsdes: Participatioun um Programm vun der REEL mat de Jonken
– Sonndes: Brunch an duerno optional (fir déi, déi nach kënnen) nach eng Visitt zu Stolberg
Den offizielle REEL-Programm ass hei ze fannen: reel.lu
Transport:
Mir fueren a Fuergemeinschaften, déi mer ënner eis organiséieren. Iwwert eis Participantslëscht ënnen, kënnt Dir potenziell Covoyageure fannen.
Logement:
Jiddereen organiséiert sech säi Logement selwer. Eng Partie Anciene hu schonn en Zëmmer am Hotel Aquis Grana www.hotel-aquis-grana.de. Mee et ginn natierlech och vill aner Optiounen am Zentrum.
Bis elo sinn agedroen:
Numm | Virnumm |
|---|---|
Theis | Pascal |
Malget | Joe |
Strasser | Jean-Marie |
Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.