Léif Al Oochener,
nodeems d’Summerpaus riwwer as an et scho lues awer sécher ufänkt méi kal dobaussen ze gin hu mer iech am Oktober direkt e puer sportlech Aktivitéiten unzebidden fir iech waarmzehalen.
Den 20. Oktober um 19:00 as
eisen traditionellen Keelenowend
zu Koplescht
am Café op der Bréck.
Menu vum Owend as am Prinzip
Ham, Fritten an Zalot.
Wa lo een domat net frou as, soll e mer dat matdeelen, da kann de Kach bestemmt och eppes aneres zauberen.
Weider Informatiounen zum Bistro fannt der op http://www.opderbreck.lu.
Mellt iech w.e.g. hei un:
[lop3 h=”1474198045″]
Weider um Programm:
- Den 28. Oktober 2016 um 20:30 gi mer dann op Grüfflingen Kart fueren.
- Vergiesst och net iech den 12. November fir d’AGAPE fräizehalen.
Bis dann dann.
Fir de Comité,
Piggel
Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.