Invitatioun fir Karting ze fueren, 28. Oktober 2016

Den 28. Oktober 2016 um 20:30

gi mer dann op Grüfflingen Kart fueren.

Vu dat den Undrang déi lescht Joeren éischter verhalen war, hu mer eis geduecht mir géifen eis, fir et besse méi interessant ze man, dest Joer niewt dem Fussball och an deser Disziplin mat de Studente moossen.

Fir dat net jiddereen alleng dohi muss fueren géife mer 2 Treffpunkter fir den Transport virschloen:

  • 18:30 zu Mamer beim Rond-Point vun der Europaschoul.
  • 19:15 zu Housen beim Fussballsterrain.

Mir musse 35 Minutte virun der Zäit do sin fir de Briefing, duerfir sidd w.e.g. pünktlech.

Mir fueren eng Eastkart Race déi aus 10 Minutte Qualifying an 30 Minutte Course besteet. D’Plaaze sin op 20 begrenzt, also maacht iech bäi. Dat Ganzt kascht 45 € op de Kapp, déi op der Plaz bezuelt gin.

Wien een Helm huet, kann dee roueg matbréngen, et kritt een der awer och fir näischt op der Plaz geléint. Et muss een da just eng deier Cagoule bei hinne kafen oder wéinstens selwer eng matbréngen fir dat een hir Helmer net vollschweesst.

Wann der nach weider Informatioune braucht oder iech de Streckeverlaf scho wellt aprägen, kennt der dat op www.eastactioncenter.be kucken.

Mellt iech w.e.g. hei un:

[lop3 h=”1474198069″]

Den After Kart Programm decidéiere mer dann spontan no der Course.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.