Invitatioun fir eng Wäiwanderung zu Ohn an der Kellerei Max-Lahr et Fils

OFGESOT!

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Mir invitéieren Iech häerzlech op ons nächst Aktivitéit di um Programm steet:

Wäiwanderung

Samschdes, den 13. Juli ab 15:00

Zu Ohn an der Kellerei Max-Lahr et Fils

Fir d´Wäiprouf starten mir kuerz no 15 Auer bei der Kellerei (6, Rue des Vignes, 5401 Ahn) fir mam Wënzer duerch Wéngerten ze trëppelen. Dobäi kréien mir alles ronderëm de Wäin erkläert an och dat eent oder anert Glas ze schmaachen. Dobäi gëtt et och eppes Klenges z´iessen.

Mir roden iech fest Schong unzedoen well et geet net ëmmer iwwer gefestegt Weeër (schwiereg ass et deemno de Wee wëlle mat enger Kutsch matzegoen).

No ongeféier 3,5 Stonnen (mat genuch Pausen) treffe mer erëm an der Kellerei an wou mer dann de Grill umaachen an nach déi eng oder aner Fläsch Wäin zesummen drénken.

Dat ganzt kascht 25€ op de Kapp. D´Suen ginn dann den Dag selwer sur Place opgehuewen.

Parkméiglechkeeten ginn et op der Muselstrooss.

Mellt Iech w.e.g bis spéitstens den 11. Juli um Internetsite www.aachen.lu un.

Mat beschte Gréiss,

fir de Comité

Sophie Hellinghausen


Bis elo ugemeld sinn:

Numm
Unzuel Erwuessener
Unzuel Kanner
Daniel Erpelding
1
0
Michel Heckel
2
0
Malget Joe
1
0
Pol Guerkinger
2

 

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.