Ergebnis AG 2018: Véier nei Comitésmemberen an d’Moderniséierung vun der Agape

Eise neie Sekretär d’Sophie hat eis mat sengem Bréif vum 3.3. op d’Generalversammlung geruff a mir si komm. Hei de Rapport, wéi dat ofgelaf ass a wat dobäi erauskoum:

Wou a wéini

Nees op den Iden des März1, also 15 ab 19h00 wor d’Versammlung, wéi ëmmer mat offiziellem Deel a während dessen guff et eppes Guddes z’iessen, an zwar am:

Restaurant “L’Ultimo”
op83, Route d’Arlon
L-8211 MAMER).

Participation

Di folgend Leit waren do:

1 Jhemp Schreiner Comité
2 Guy Lux Comité
3 Christian Pauly
4 Sophie Hellinghausen Comité
5 Tom Hermes
6 Jacques Meisch
7 Elio Rermann
8 Sebastian Schumacher
9 Christian Even Comité
10 André Detaille Comité
11 Daniel Erpelding Comité
12 Michel Heckel
13 Michel Asorne Comité
14 Gilles Nies
15 Max Muller
16 Ou-xi Zhan Keeserevisor
17 Michel Hansen
18 Caroline Gaspar Comité
19 Philippe Gengler Comité
20 Philippe Theisen
21 Simone Dengler
22 Joe Malget
23 Paul Nathan Comité
24 Paul Dax
25 Luc Frantzen
26 Michel Waringo Keeserevisor

Dat waren:

  • 26 Memberen
  • 10 Leit aus dem Comité 2017
  • 2 Keeserevisoren
  • 3 Fraën

Dorausser follegt:

  • Et waren 23 Männer do,
  • A mindestens 14 Leit waren völlig fräiwelleg do.

Verschiddener waren souguer fräiwëlleg bereet di nächste Kéier sech wëllen moralisch verpflichtet fillen fir ze kommen (Schwéiere Saz). Mee dozou spéider.

Bilan 2017

Allocutioun vum President

Nodeems se all eng Plaz um Dësch fonnt haten, di all am Quadrat opgestallt waren, huet de Präsident d’Leit offiziell wëllkomm geheescht a se gebieden kuerz ze soen wéi se gingen heeschen, a firwat se hei wieren2. Dunn huet hien och direkt d’Wuert un d’Sophie ginn.

Aktivitéitsrapport vum Secrétaire

D’Sophie huet eng Zesummestellung vun eise Fester am vergaangene Joer präsentéiert:

  • 15. März 2017 war Generalversammlung, och schon am Ultimo. Eng Rekordzuel vu 30 Leit waren deemols komm.
  • Am Juni waren mir fir d’Grillfest op der Musel
  • 8. Juli 2017 hu mir géint di Jonk Fussball gespillt, den Héichpunkt dovunner war, dass d’Spill nahtlos an e Jonggesellenabschied iwwergaangen wor.
  • 9. Oktober 2017 waren mir op Koppelecht Keele spillen, wat och nees groussen Uklang fond hat
  • 11. November 2017 war eis Agape, dat Joer ganz ouni di Jonk, di angesichts dem Datum drop bestanen haten, op Köln feieren ze können.

De Bilan aus der Siicht vum Trésorier

De Keessier hat nees een équilibréierte Bilan presentéiert mat just engem zweestellige Verloscht. Op d’Detailler könne mir an desem ÖFFENTLICHEN Bericht natierlich nit agoen, kommt dofir léiwer d’nächste Kéier perséinlich op d’Versammlung. Just sou vill: am Joer 2017 haten 163 Memberen hier Cotisatioun bezuelt.

Den Avis vun de Keesereviseure

Ouschi a Michel hunn dem Schrulli da bescheinigt, uerdentlich gewirtschaftet ze hunn.

Décharge vum Comité fir den Exercice 2017

Di kruete mir par Acclamatioun.

Wal vun de Comitésmemberen.

Folgend Memberen waren sortants a rééligibles:

  • Daniel Erpelding
  • Tom Nickels
  • Guy Mahowald.

Während de Guy dem Comité matgedeelt hat, dass hien no aacht Joer am Comité léiwer engem anere ging Plaz maachen, huet den Tom seng Candidatur in absentia fir weider ze maachen ofginn, an den Präsident an Auteur vun desem Bericht wollt och nit einfach sou ophalen.
Di zwee guffen par Akklamatioun erëm gewielt, a mir hunn nach véier weider Memberen an de Comité opgeholl:

  1. Paul Dax
  2. Michel Heckel
  3. Joe Malget
  4. Jacques Meisch

D’Statuten ginn dat zwar eigentlich nit hier, mee mir wollten nit drop verzichten fir de Comité weider ze verjengen, well mir hu:

Grouss Pläng fir 2018

Derartig gestärkt konnt de President nun dozou iwwergoen de Programm fir 2018 virzestellen. Anescht wéi an deene Joeren virdrunner war et des Kéier nit méiglich der Versammlung een ferdische Programm virzeleeën, et guffen ze vill grondsätzlich Froën ze klären. De Comité hat sech dozou e puer Gedanke gemeet, di de President lo virgestallt, a mat verschiddenen Schaubiller zur Participatioun un eisen Veranstaltungen illustréiert huet:


Mir ënnerleien wéi all aner Veräiner vun engem gewësse strukturelle Wandel. Obwuel sech grondsätzlich nit vill um der Mentalitéit vun den Oochener geännert huet (z.B. dass souwuel di al, wéi och di jonk am léifsten da kommen, wa si wëssen dass hier Kollegen och kommen.) ass et lo e bësse anescht.

  • Di ganz al Generatioun (65+) kommen nit méi sou dachs, oft well et hinnen owes ze spéit ass.An de spéiden 1970er an de fréien 1980er hunn der nit sou vill studéiert, di Leit feelen bal vollstännig
  • Leit tëschent 40 a 55 kommen, mee sinn dachs mat anere Saachen, wéi Famille, Beruff etc. préoccupéiert
  • Par contre komme lo endlich nees vill méi Leit, di hier Studium an deene letzten 10 Joer ofgeschloss hunn.

Eis Versammlunge sinn nit gläichméissig betraff. Derweil Grillfest a Keelespill gutt zéien, huet d’Agape extrem staark un Attraktivitéit verluer, an dat hängt nit onbedingt um Restaurant!

Décisioun zur Agape

Et guff dunn virgeschloen an anschliessend vun der Versammlung décidéiert, d’Form vun der Agape fir 2018 komplett ze änneren. Mir werten 2018 et mat engem sougenannte Walking Dinner versichen!

Verschiddenes

De Comité werd de Progamm 2018 ausbauen an zäitno bekannt ginn. Ugeduecht sinn:

  • Eng Marche gourmande.
  • Eng Wäiprouf op der Musel, éventuell mat virgeschaltetem Trëppeltour.
  • Eng Rees op Oochen huet all Mensch gutt fond di organisatorisch Schwierigkeeten guffen awer als e bessi héisch ageschat, si wert wahrscheinlich éischter d’nächst Joër stattfanne, wann di nei Leit sech ageschafft werten hunn.

De Kolleg Tom Hermes huet nach drop higewiesen, dass d’ANEIL dest Joer hier 60. jährigt Bestehen feiere wëllt an zwar den 22. September am Tramschapp.

  1. Bei de Réimer waren d’Iden, déi Deeg di an der Mëtt vum Mount lungen. D’Iden des März vu 44 viru Christus waren besonnesch dramatisch []
  2. =soën, wat se studéiert hunn []

1 Trackback / Pingback

  1. Rapport vum éischte Fréihjoërskeelen – Aachen.lu – die Aal Oochener

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.