Fotoen vum Pic Nic 2017

Gëschter war eisen traditionnelle Pic Nic, deen zenter Joeren éischter e Grillfest ass. Op Invitatioun vum Sophie vum 13. Mee zum Grillfest hin woren 31 Erwuessener, 19 Kanner an 3 Puppelcher op d’Musel komm. Dat waren ongeféier souvill wéi sech online ugemellt haten, wann och nit grad diselwecht.
Di folgend Memberen waren do: 1) de Wiesel, also ech sot de Geck, 2) de roude Lux 3) de Schrulli 4) de Bellot 5) de Suffi 6) de Misch 7) d’Sophie 8) an de Christian (Pauly) 9) eisen Hoschi 10) Theins hieren Dan 11) de Pit 12) d’Dany 13) d’Elke 14) den Hansi 16) d’Anne (Spaus) 17) den Dirigententheis 18) de Jacques 19) de Frigo 20) eisen eelste Member den do war: de Fränz (Goedert)!.
Et hat am Virfeld e bessi sou ausgesinn, wéi wann et vill manner Leit wieren wéi soss, mee zum Schluss hu se sech awer nach alle un eis erënnert, an eisen Tom huet eis seng Opzeechnungen ginn, di beleeën, dass et och scho fréier sou “Duerchhänger” guff:

Dofir guff et da kee Gedrécks beim Motorbootfueren, bzw. Waasserschi op der Musel, wéi bei der Rekordbedeeligung letzt Joer. Hei dann di versprache Fotoën.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.