120 Joer AVL: Beachvolleyball

Op dem letzten Dag waren di mannsten al Oochener nach do, mee dach nach erstaunlich vill. Virun allem jonk al Oochener woren hei un ze treffen, an et wor de “studentischsten” Deel. Ech hat deelweis grouss Schwierigkeeten di Jonk erëm ze erkennen, lo wou se nit méi am Kostum woren. Fir selwer matzespillen wor ech natierlich ze onsportlich an doriwwer eraus ze al. Mee et guff jo och gegrillt, domadder konnt ech eppes ufänken. D’Haaptschwierigkeet war et, fir de Sportzentrum zu Laurensberg ze fannen. D’waren awer genuch Schëlder do.


De Gesamtfazit: eng gelonge Veranstaltung vun eisen Jonken. Perfekt Performance a secher eng gutt Übung fir eis 125 Joerfeier a fënnef Joer. Den AVL ass och a séngem 120. Joer e vitalen, staarke Club dee eppes op d’Been bréngt a jonken an ale Leit eppes bidden kann!
Schued just, dass nit sou vill al Oochener un engem gemeinsamen Transport interesséiert waren, wéi se virdrunner gesot haten.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.