Keelespill ass gelaaf

Gëscht hu mir Keele gespillt. Leider waren nit sou vill Leit komm, wéi mir gehofft haaten, fir 16 war Iessen bestallt. Mir haaten d’Leit leider erréischt de Méinden per Email un d’Keelen erënnert.
Nodeems dann nach zwee Leit ausgefall waren, dorënner leider och den Organisator Kiischti selwer, huet awer eng positiv Iwerraschung op eis gewaard:
Dem neie Patron säit Kach huet eis mat frësch geschniddene Fritten verwinnt!
De Louis huet d’Saach an d’Hand geholl, eng Kompetitiounsronn geschmass an esou de Claude Boden an de Carlo Richartz zu Kapitäne bestëmmt. Déi hu sëch dunn die folgend Equippen erausgewielt:

Equippe
Claude
Equippe
Carlo
Daniel Lex
Lelio Nathalie
Louis Georges
Pit Blannen

Am laafend dem Owend guffe mir leider och gewuer, dass des Joër wuel daat lescht am Capeau Melon war. Ab Dezember get ëmgebaut an d’Keelebunn muss enger gréisserer Kichen weichen. Dofir wuel huet d’Anlag och nit méi sou richtig funktionéiert an eng Klatz (de Kinnig) ass ëmmer ërem mat eroof komm, och wann se scho gehäit guff. Wahrscheinlich war och d’Bunn selwer nit méi sou gepflegt, wëll de Lex séng Demonstratiounen sinn e puer mol nit gaangen. De Lex, den dest Joër fir d’éischt derbäi war huet sëch als excellente Keelespiller a Kënner erwiesen, mee all Kéiers wann en eis weise wollt, wéi een bestëmmte Figure spille kinnt….

Sou, an hei nach d’Foto’en vum Owend

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.