Eis Sänger sinn nees ënnerwee

A brauche Publikum! Des Kéier um Picadilly Hei de Bréif vum Theis:

Salut Ancien(ne),

den Oochener Männerchouer as nach net midd a strengt sech nach emol richteg un iert et an d’Wakanz geet. Freides, den 10. August séngt den Oochener Männerchouer zu Stadtbriedemes um Picadilly. An der Paus vun de Musketeers wäerten mir fir eng 15 Minuten d’Leit am Zelt a Stëmmung bréngen mat Lëtzebuerger a Miseler Lidder. Dofir brauchen mir Ënnerstëtzung aus dem Publikum, an domat mengen ech iech.

Also halt iech den Datum fest: Freides owes, den 10. August zu Stadtbriedemes um Picadilly! An soën ich lo scho Merci fir äer Präsenz.

Äeren Dirigent, den Theis, de Pascal

En annexe, den De Flyer fir de Picadilly(och wa mir net drop stin, mir sin awer do an zielen op iech!)

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.