Umelden fir d’AG vum 21. März

Ab sofort ass een System a Betrieb, fir sëch hei online unzemelden fir all eis Veranstaltungen. D’Lëscht get automatisch gefëllt, sou dass den menschliche Faktor verrengert konnt ginn. Nit dass herno neess een muss Fësch iessen, deen awer Fleesch bestallt haat!
Mat der Assemblée Générale machen mir den Ufank, mee am Prinzip kënnt Dir Iech an Zukunft fir all eis Aktivitéiten online umellen. Den Menu steet iwrigens och schon fest, klickt einfach mol op den Link a kuckt no. Et get nees d’Wiel tëschent Fësch a Fleesch.

Do fällt mir an, eise Keessier wollt nach eng Kéier drun ërenneren:

Kuckt vgl. no, op dir Är Cotisatioun fir 2005 bezuelt huet!

Bei der Gelegenheet wollt ëch mol eng Kéier drop hiweisen, dass mir vun denen meeschten Leit kéng Emailsadress hunn. Bis elo haaten mir dofir zwar och kaum Verwendung, well aus eiser MS Access Datebank eraus, konnt een kéng Mail’en verschëcken, daat ass mat der OnlineVerwaltung hei op aachen.lu natierlich eng ganz aner Saach. D’Virdeeler leien op der Hand, Dir gidd vill méi séier informéiert, mir brichten evtl. nit méi fir alles een Courrier ze verschëcken, wëll daat kascht ëmmer ganz vill (Arbichts-)zäit!

Et puer Gedanken:

  • am einfachsten iwermëttelt Dir eis Är korrekt Emailsadress, an dem Dir Iech hei bei aachen.lu registréiert.
  • Benotzt am beschten kéng Emailsadress vun der Aarbicht. Ween wees, ob dir se nit demnächst wiesselt?!
  • Benotzt am beschten och Är eegen, an nit déi vun der Fra, wenn weeess…*g*

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.