Rapport vun der AG 1992

Nodatéierte Posting. Agescanntent Original

den 2.Mé 1992 LUXEMBOURG

Léiw Komeroden!

Mir wëllen Iech heimat e klengen Rapport vun eiser Generalversammlung machen, déi de 24.Mârz am Restaurant ‘Petit Trianon’ zu Senningen ofgehâle gin ass.
Et waren dest Joer ronn 30 Memberen, dorenner e puer nei Gesichter, dei eisem Opruff gefollegt waren.
De Président Jean Feyereisen huet e Réckbléck op eis Aktivitéiten vum Joer 1991 gin.
Eis Amicale hat am Joer 1991 vill Aktivitéiten um Programm,
déi bal alleguerten gud besicht waren
Eleng d’Partizipatioun um Kélentournoi huet ze wënschen iwerech geloss.
Mat grousser Satisfaktioun huet de Président festgestalt, dass d’Amicale haut mei ewéi 260 bezuelend Memberen zielt an dass déi lescht zwé Joer vill nei jonk ‘Aal Oochener’ dem Club beigetratt sin.
De Rapport vum Trésorier weist dest Joer aus dass mir méi Geld aus gin hun wéi mir era kruten. Dest ass op méi grouss Partizipatiounsundéler bei Manifestatiounen an eng méi generéis Ennerstetzung vun de Studenten zeréckzeféieren.
Des weideren ass festgestalt gin, dass vill Memberen hieren Ordre-Permanent nach net op den neien Betrag vun 400.- Frang Cotisatioun eropgesat hun. Doduerech ass manner ewéi geplangt era komm.
Nodém de Rapport vum Trésorier mat de Konten vun 1991 gud gehéscht gi wor, ass d’Wiel fir d’Erneierung vum Komité erfollegt an huet desst Joer folgend Aennerungen mat sech bruecht.
Drei Memberen sin ausgetrueden a par acclamation eremgewielt gin:

  • Feyereisen Jean
  • Lessel Guy
  • Proess Fernand.

De Proess Fernand huet sei Mandat zur Verfuegung gestalt well sech zwé nei jonk Memberen an de Komité gemellt hun.
et sin desst

  • de Kinsch Paul
  • an de Feipel Romain.

Si sin éstemmeg ugeholl gin.
Mir soen heimat dem Fernand Proess e grousse Merci fir dei lang Joeren wou hien am Komité matgewirkt huet.

Den neien Komité setzt sech also esou zesummen aus:

Président :FEYEREISEN Jean C.D.C.
Vizeprésident :GRETHEN Charel Lycée tech. Esch
Sekretaer :TOCK Marc Céramétal
Trésorier :LESSEL Guy Arbed
Eiereprésident :WEILAND Fernand Céramétal
Memberen: AXMANN Claus Arbed
CHRISTIANSEN Jens Simon & Christiansen
FISCHBACH Marc Arts et métiers Luxbg.
FEIPEL ROMAIN Ville de Luxembourg
GOEDERT Fraenz Amersil
HOLLERICH Jeannot Indépendant
JACOBY Pierre Arbed
KINSCH Paul Arbed

AKTIVITEITEN 1992

Déi méscht Manifestatiounen sin traditionnel an eiser Vereinsgeschicht net méi eweg ze denken an gin duerfir och desst Joer erem ofgehalen.
Et ass allgemeng festgestalt gin, dass de Kélentournoi an den Tennistournoi méi é klenge Krés vun Aktiven uspriechen an duerfir machen mir kén allgemenge Courrier méi heifir, mé déi potentiel) Partizipanten gin eleng ugeschriwen.

WANN DIR IECH HEI UGESPRACH FILLT, mellt iech w.e.q.
beim Marc Tock (Tel:357015 a bureau:3312085-222).

An elo de Kalenner:

  • Footing vum 1.Mé organiséiert vum Cos Colling op Obereisenbach.
  • D’Kélepartie vum F.Weiland fënnt statt en Denschdeg 12. Mé

    an der “Roeserstuff” zu Roeser.
    Umeldunq beim Fern um Tel 309167

  • Pique-Nique zu Esch an der Waldschoul (mat Trëppeltour) den 23.Juni
  • Tennis-tournéier zu Sténgefort an der Hal de 4.Oktober
  • Football Amicale géint déi jong Oochener (nach kén Datum).
  • Agape an der Bridelerstuff de 14.November.

Mierkt Iech w.e.g. dess Datumen vier, da kann net méi vill schief goen.
Ennert DIVERS huet de Président e Breif vun dem AV d’Letzebuerger virgelies, an dem sie eis matdélen, dass hiere Verein zu Oochen neierdengs d’Studenten vun der Fachhéichschoul als Memberen ophelt. Laut hiere Statuten ass desst ouni Problem méigelech.
Si froen eis heimat op et méiglech ass an der Zukunft dess Leit och bei den ‘Anciens’ opzehuelen.
Fir desst ze erlaben, missten d’Statuten vun eiser Amicale geaennert gin. De Président huet den Antrag vum AV d’Letzebuerger zur Ofstëmmung virgeschloen.
Et ass eng Ofstémmung erfollegt mat dem folgende Resultat:
27 Stëmmen waren dergéint an 2 waren derfir.
Et ass virgeschloe gin ofzewarden, wéi den Ingenieursverein sech géintiwer deser Thematik verhaelt, an am Fall wou hei éng Aennerung passéiert, gief d’Amicale erem den Thema opgreifen.
An engem zwéte Punkt ass de Président nach eng Kéier drop agângen, dass am Lâf vum leschte Joer verschidden ≥Anciens< de Komité ugesprach hâten fir iwert d’Orientatioun vun eiser Amicale (Aennerungen an de Manifestatiounen) ze diskutéieren.
De Komité hât dess âl Memberen schon é puer môl opgefuerdert sech mat hinnen zesummen ze setzen an hir Verbesserungsvirschléi unzehéieren.
Leider ass desen Kontakt aus wei engen Grenn och ëmmer nach net zu stânen komm.
Well se och net an der Assemblée Générale vertruede waren, huet de Président nach eng Kéier klorgestalt dass de Komité ëmmer en offend Ouer fir positiv Kritik an Verbesserungsvirschléi huet.
No engem gudden Owendiessen ass des Versammlung eriwer gangen.
De Komité vun der Amicale woenscht Iech alleguer elo vill Spâss mat eisen Aktivitéiten, an zéckt net fir iech unzemëllen.

De Sekretaer De Président
Marc Tock Jean Feyereisen

N.B. An égener Sâch:

Mir wëllen hei nach eng Kéier drop hiweisen, dass dir eisem Trésorier vill Arbecht erspuere kéint, wann dir én ORDRE-PERMANENT zu gonschten vun engem vun eise Konten bei ârer Bank gieft machen.
Konten vun der AMICALE des Anciens Etudiants de l’E.P.A.:

B.I.L. : 7-100-5338
C C P : 44325-93

Betrag vun der Kotisatioun: 400.- d’Joer
Echéance vum 0 . P. : 1. Juli vun all Joer

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.