Déi nächst Aktivitéit op déi mer Iech invitéieren hat de Comité schonn méi laang am Sënn. Aus verschiddene Grënn huet et net éischter geklappt. Mee lo ass et esou wäit. Beweegung wäert zwar dobäi sinn, mee och ganz vill Genoss. Dofir kommt all mat op eng
Wäiwanderung op der Musel
Samschdes, de 25. Mee 2024 um 14:00 Auer
bei der Kellerei Domaine Viticole Max-Lahr et Fils zu Ohn
(6, Rue des Vignes, L-5401 Ahn)
D’Wanderung dauert dräi Stonnen a geet iwwer véier Statiounen, wou et verschidde Wäiner a Crémant ze schmaache wäerte ginn a Begleedung vun engem klenge Snack. Dat ganzt ass Witterungsofhängeg. Weider Informatiounen fannt Dir um Internetsite vun der Kellerei https://www.max-lahr.lu/weinwanderungen/. D’Bedeelegung ass 35 Euro pro Persoun. Mellt Iech w.e.g. bis den 10.5., wéi gewinnt ënnen mam Formulaire un, wann Dir wëllt dobäi sinn.
ugemellt sinn:
Numm | Virnumm |
---|---|
Alves | Andreia |
Alves | Andreia |
Bourg | Jenny |
Detampel | Carole |
Even | Christian |
Heckel | Michel |
Kolber | Carine |
Lux | Guy |
Malget | Joe |
Pescatore | Tonie |
Rodrigues | Filipe |
Wagener | Jeanne-Marie |
Wolff | Conny |
Och dëst Joer invitéiere mer Iech op eist
Traditionellt Grillfest op Nationalfeierdag
Sonndes, den 23. Juni ab 11:30 zu Bech-Maacher
Den Oflaf ass wéi gewinnt:
• Aperitif
• Gegrills mat allem wat dozou gehéiert
• Dessert a Kaffi
• Ronderëmturnen op der Wiss mat Volleyball etc.
• Spaass mam Motorboot op der Musel mat Waasserschi, Wakeboard, Wakesurf oder Promenade
De Site vum Club Nautique du Luxembourg (www.cnlwaterski.lu) ass direkt un der Musel, wann der vu Réimech kommt, hannert dem Hein lénks eran iwwert eng kleng Bréck. Parke kennt der vis-à-vis beim Losch: 5, Quai de la Moselle zu Bech-Maacher. Mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 21. Juni iwwert de Formulaire ënnen un. D’Participatioun ass 20 Euro pro Erwuessenem.
ugemellt sinn:
Numm | Virnumm |
---|---|
Heynen | Alain |
Lux | Guy |
Strasser | Jean-Marie |
Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.