Mir hunn elo ugefaangen, di Texter di an de Joeren 2021-2024 fir d’125 Joerfeier geschriwwen goufen online ze setzen. Dir fannt se ënnert dem Menupunkt:
Oder als URL: https://www.aachen.lu/avlhistory/125-jahre-avl/
Den Ufank mecht een Text vu mir, eng Zesummefaassung vun dem wat mir iwwert d’Grënnung vun eisem Veräin wëssen a wat mir fir wahrscheinlich halen:
Ursprünglich hat ech mir virgestallt, dass eis Broschüre elauter derartig Artikelen zu eenzelnen Episoden oder Themen vun eiser Geschicht sollt emfassen, an dass d’Chronik, di ech demnächst och wäerd online setzen, just ee Resumee sollt sinn. Et koum awer alles anescht:
Fir d’Honnertjoerfeier 1997 hat ech eis Veräinsgeschicht am Aufsatz Rull de Waak zesummegefaasst, deen dann och als Broschüre deemools gedréckt a verdeelt gouf.
Dono hunn ech ëmmer nees nei Saachen erausfonnt, etwa d’Entdeckung vu weideren Nimm vu Präsidenten vum AVL aus den 1920er an 1930er am Joer 2018 oder 2019 dee sensationellen Text vun 1895, deen een gleewen deet, d’Amicale wier schonn an dem Joer 1895 gegrënnt ginn.
Sou koum ech am Laf vun den 2010er Joer op d’Iddi, dass mir fir d‘125 Joerfeier ee ganz neien Text briechten. Mir war allerdings och deemols scho kloer, dass ech keng 25 mi sinn an nit mi zu Oochen liewen. Ech hu weder d’Energie nach d’Zäit di ech als Student sou am Iwwerschoss hat, fir di Aufgab unzegoen. Ech hu mech op d’Sich no Kolleegen gemät, di gingen hëllefen eng nei Broschüre ze schreiwen, an hu mech dofir zunächst emol un d’Studenten gewandt, well ech dervunner ausgung, dass an Oochener Quellen, wi dem Hochschularchiv, besonnesch vill ze fanne wier. Dofir wollt ech 2019 op Oochen fueren, ee Virtraach halen an esou Leit fannen, di gingen matschaffen.
D’éischt guff di Versammlung ofgesot, well den AVL Problemer mat der Akkreditéierung hat a kee Sall vun der RWTH krut, a wi ech beim Comité 2020 wollt uklappen, war Corona. Do hu mir missten ëmdisponéieren an ech hunn een Artikel fir d’Studentenzeitung Um Karel geschriwwen. Do hat ech skizzéiert, wi ech mir dat virstelle ging:
Folgende Ansätze sind denkbar:
- Den Text von 1997 überarbeiten, Fehler ausmerzen, die besagten neuen Erkenntnisse sowie das Geschehen seit 1997 ins Fenster stellen.
- Oder einen völlig anderen Ansatz wählen, statt wie 1997 einen durchgängigen Textes aus meiner Feder, viele verschiedene Aufsätze unterschiedlicher Autoren, die nur Teilkapitel behandeln, das ganze verbunden durch eine Zeittafel, angereichert mit Tabellen (z.B. Liste der Comités) oder Statistiken.
Vorteil eines solchen Ansatzes wäre, dass nicht alles auf meinen Schultern ruhen würde. Wir könnten auch andere Autoren gewinnen, gerne auch Leute die nicht in Aachen studiert haben oder keine Luxemburger, dafür aber vom Fach sind.
Ich könnte mir so ad hoc folgende Beiträge vorstellen:
- Studium in der Kaiserzeit
- die Luxemburger Studenten im zweiten Weltkrieg
- Beleuchtung einzelner Traditionen des AVL (z.B. die Ponttorfeier oder das Byzutage)
- Kurzbiographien ausgewählter „alter Aachener“, z.B. bedeutender Persönlichkeiten oder der Präsidenten.
Mir haten eis fir den zweeten Ansatz decidéiert, an et haten sech tatsächlich Leit fond fir matzeschaffen: Anciens, Studenen an souguer zwee fräi Auteuren (Nicole Hartmann an Felix Papier). Mee leider konnte mir eis praktisch ëmmer nëmmen online gesinn oder schreiwen.
Mir hunn dunn all gemierkt, dass mir eis zevill virgeholl haten, d’Zäit ass eis dervunner gelaf a mir hu missten e puer mol ëmdisponéieren. Z.B wollt ech selwer just d’Zeittafel maachen, an Eenzelaufsätz iwwert d’Grennung an d’Letzebuerger am Krich.
Ugangs 2022 hat ech du souguer versicht, awer den éischten Ansatz ze verfolgen, mee dat war nach mi onrealistisch. Aus enger iwwersichtlicher, kuerz Zeittafel guff eng Chronik, di ech och wollt kuerz halen, mee an deeër ech ëmmer méi Themen hu missten integréieren (wi d’Letzebuerger am Krich), well fir Eenzelaufsätz keng Zäit mi wor.
Um Enn hunn ech am Oktober 2022 de Virtraach op der Séance academique missten halen, ouni fäerdisch Broschüre, a konnt d’Texter errésicht 2023 fäerdisch stellen. Säithier hunn ech se nach e puer mol iwwerschafft, an 2024 an engem rouiger Phase dann awer nach eng “Zeittafel” nogeliwwert.
An elo ass d’Zäit fir d’Saachen endlich ze publizéieren. Ech waarden awer nach op den OK vun menge Co-Auteuren fir hier Artikelen och online ze setzen.
Remarque: de Mann op der Eyecatcher Foto ass de Jean Weiwers, deen eenzigen nogewisenen Grënnungsmember vum AVL.




Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.