Agape 2026

De 24. Oktober war et nees esou wäit: Déi alljärlech Apape vun den ale Studenten huet stattfonnt, an dës Kéier huet et eis fir zweet an de Restaurant L‘Orgue op Lëntge verschloen. A wéi et sech fir esou eng Traditioun gehéiert, war et en Owend, deen alles hat, wat dozou gehéiert: gutt Gesellschaft, vill ze laachen, flott Gespréicher an natierlech déi eng oder aner flott Iwwerraschung.

Fir de musikaleschen Highlight vum Owend war dëst Joer e ganz spezielle Gaascht zoustänneg: d’Fernande! Mat sengem Piano huet hatt den Oochener Männerchouer begleet.

Mee bei esou enger Agap kënnt nieft der Musek natierlech och déi gutt al Traditioun net ze kuerz. An esou huet och dëst Joer d’Spill vun der Ham net dierfe feelen. 

Um Enn konnt sech de Pol Dax duerchsetzen an als grousse Gewënner vum Owend ervirgoen, Gratulatioun! Seng Fra wäert hin d‘Ham op alle Fall net ewech iessen ;-).

A wann dësen Owend eppes bewisen huet, dann dat hei: Déi al Studenten hunn et nach ëmmer drop!

 


Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.