120 Joer AVL: Eng Visite am Centre Charlemagne

Um zweeten Dag wor ab 14:00 de kulturelle Pflichtprogramm: Eng Visite vum neie Musée fir Stadtgeschichte, de Centre Charlemagne. Do hu se e puer ellen Verwaltungsgebeier um Katschhof fir opgerappt. Gut gemacht, Stadt Aachen!


Do waren schon däitlich manner Leit komm, wéi op d’Ponttor, mee awer nach sou vill, dass mir hu missten zwou Gruppen vu jeweils 15-16 Leit maachen (ech hu si nit gezielt).
Hei e puer Fotoën. Selbstverständlich gëtt et méi ze kucken, och wann et e “pädagogikzentrierte” Musée ass, a keen de mat enger Villzuel vun Exponaten opwarten wëll.

Desen Nomëtteg war souwisou méi dem Spazéieregoën gewidmet. Wann ee laanscht de Kaktus komm ass, konnt een nit just sech dervunner iwwerzeegen, dass de Norbert ëmmer nach de Wiert ass, mee och dovunner dass di jonk an al Oochener Jongen di de Wee lo nit an de Musée fond haten, den Owend virdrunner awer nach ginge liewen.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.