Karting zu Grüfflingen 2014

Léiw al Oochener,

niewt all dene sportlechen Aktivitéiten wei Fussball, Tennis a Keelen, fir der nemmen e puer ze nennen, hu mer décidéiert eis dest Joer och nach motorsportlech ze betätegen. Duerfir gi mer den 28. Mee 2014 um 20:30 op Grüfflingen Kart fueren.

Fir dat net jiddereen alleng dohi muss fueren hu mer 2 Treffpunkte fir den Transport:

19:00 zu Mamer beim Rond-Point vun der Europaschoul.
19:45 zu Housen beim Fussballsterrain.

Mir fueren ee Maxi Grand Prix den aus 10 Minutte Qualifying an 25 Minutte Course besteet, dat misst och jiddereen den net sou un de Karting gewinnt as ouni weideres packen. Wa mer zu wéinstens 18 Leit sin hu mer d’Piste och fir eis ganz alleng, duerfir mellt iech zuelräich un. Dat Ganzt kascht 38 € op de Kapp, dei op der Plaz bezuelt gin.

Wien een Helm huet, kann dee roueg matbréngen, et kritt een der awer och fir näischt op der Plaz geléint. Et muss een da just eng deier Cagoule bei hinne kafen oder wéinstens selwer eng matbréngen fir dat een hir Helmer net vollschweesst.

Wann der nach weider Informatioune braucht oder iech de Streckeverlaf scho wellt aprägen, kennt der dat op www.eastactioncenter.be kucken.

Mellt iech w.e.g. sou séier wei méiglech hei un:

[lop3 h=”1399711896″]

Den After Kart Programm decidéiere mer dann spontan no der Course.

Bis dann dann,
fir de Comité

Piggel

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.