Ausfluch an d’Schlëff an Höhlen vum Mëllerdall

Léiwen aalen Oochener,

Virun eisem Pic-Nic invitéiere mer Dech an Deng Famill op eng méi ustrengend, mee grad esou geselleg Aktivitéit:

Den Trëppeltour vun der Amicale

Mer proposéieren dëst Joer en Ausfluch an d’Schlëff an Höhlen vum Mëllerdall. Rendez-vous as den 2. Juni um 10h30 zu Heeschbreg (Hersberg) beim Buer am Duerfausgang Richtung Kuebebuer. De Wee féiert eis bis op d’Konsdrëffermillen, wou mer dann Demi-Tour maachen. Heeschbreg läit bei der Schanz (Altrier) niewt der Iechternacher Streck.

Mer loossen den Ausfluch dann uschléissend gengt 12h30 am Restaurant Steinmetz zu Bech auskléngen, wou eis e Plat mat Spargelen zervéiert gët.

Melld Iech w.e.g. esou schnell méi méiglech op eisem Internet Site http://test.aachen.lu oder beim Louis Philippe un (louphi@pt.lu).

Bis geschwënn

Michel Asorne – Secrétaire
Louis Philippe – Président

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.