Invitatioun fir d’Agape 2010

Léiwen aalen Oochener,

Heimadder welle mier Iech an Är(e) Conjoint(e) fir e Samsteg, den 13. November 2010 op eis traditionnel Agape invitéieren. Dest Joer feiere mer zesummen vu 19:30 Auer un am CASINO 2000 zu Mondorf.

Der hud d’Wiel tescht zwee Menüer zum Präis vu 65€ (inclusiv Apéritif a Softdrinks während dem Iessen):

Menü A (Menu poisson) Menü B (Menu viande)
Déclinaison autour du Saumon d’Ecosse Piperade froide , Quenelle de Tomate confite, Filet de Rouget Poêlé
Cappuccino de Homard à la Poudre de Madras Petit Feuilleté au Sésame et Champignons à la Crème
Dos de Dorade Royale Croustillant sur Peau en Demi-Deuil Duo de Mignon de veau et Boeuf aux deux Sauces
Crémeux en Habit de Velours au Cassis et Violette Crémeux en Habit de Velours au Cassis et Violette
Café et Mignardises Café et Mignardises

Fir d’gudd Ambiance hu mer de Roger Bour verpflicht an hoffentlech suert de weltberühmten Oochener Männerchouer erëm fir richtege Spektakel. A wéi ëmmer dierft der och dëst Joër är Fähegkeet fir d’Gewiicht vun enger gudder lëtzebuerger Haam ze erroden ënner Beweis stellen!

Um Uschloss vun eiser Soirée hu der och d’Geleenheet är’t Gléck am Casino ze versichen. Denkt dofir w.e.g. un är Carte d’Identité.

De Casino bidd och Iwwernuechtungsméiglechten mat Kaffi fir 117€ d’Nuecht un. Reservéiert w.e.g. direkt beim Casino 2000 zu Mondorf (23 611 – 213 oder iwwer internet www.casino2000.lu).

Mellt Iech w.e.g. virum 6. November un iwwer Internet (www.aachen.lu) oder direkt bei eisem President oder mäer (louphi@pt.lu / michel_asorne@bce.lu)

Fir de Comité

  • Michel Asorne – Secrétaire
  • Louis Philippe – Président

Hei nach e puer Links:

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.