Invitatioun op d’Grillfest 2010

Leiw jonk an aal Oochener,

wéi an de vergangene Joeren invitéiere mer Ierch mat ärer Famill och dest Joer op Nationalfeierdag, Dënstes den 23. Juni, op eisen traditionelle Pic-Nic.

Mer gin eis dofir Rendez-Vous op eiser neier Grillplaatz « op der Dreps » bei der Thillsmillen, am Bësch tescht Mamer a Koplecht.

Vun 11:30 un si mer op der Plaaz an offréieren den Aperitif éier dann e gudde Maufel vum Grill zervéiert gët. Zalooten, Gedrénks, Dessert a Kaffi hu mer natiirlech och erëm derbäi.

Nomettës kann da jidderee seng Verdauung bei enger Partie Petanque ureegen oder mat de Kanner an der Baach puddelen.

Denkt w.e.g. drun fir äre Kanner e Puer Stiwwelen an eng oder och zwou extra Garnituren drechent Gezei anzepaken …

Umelle sollt der Iech bis den 18. Juni op eisem Internet-Site http://test.aachen.lu . oder mellt iech einfach beim Louis (louphi@pt.lu, 388444) oder bei mär (michel_asorne@bce.lu, 691-391332).

Bis geschwënn

Michel Asorne – Secrétaire Louis Philippe – Président

1 Comment

  1. Moien léif aal Oochener,

    et deet eis leed dass mir Iech nach keng Invitatiounen fir eis Ponttorfeier den 24. Juni gescheckt hun, mee iergendwéi
    kommen aer Adressen vun den Memberen nit bei eis un.
    Dofir well ech ewer trotzdem Iech iergendwéi hei iwwermettelen, dass Dir natirlech alleguer haerzlech wellkomm sidd op
    eiser traditioneller Pontorfeier den Donneschten den 24. Juni am Balsaal vum aalen Kurhaus vun Oochen.
    Ab 20:00 gin Diiren bei eis op an während dem Nowend hun mir dann och een Optrett vun eisem sensationellen Männerchouer ze
    bidden.
    Wéi Dir deen Nowend jo alleguer bestemmt gudd kennt ass et net fir den feinen Zwir ze vergiessen, an dann kann een deen gudden
    Wain an déi gudd Schnittercher och richteg genéißen.

    Mir hoffen der vill vun Iech do begréißen ze kennen,
    an domat wenschen mir Iech nach een schéinen Daag.

    mfg

    Haarden Bob
    President AVL

    Vive d’Ancienen
    Vive den Kaktus
    Vive Letzebuerg
    Vive den Heng
    Vive d’Ponttorfeier

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.