Ponttor 2009

Die Jonk vun Oochen, invitéieren all Ancien vun Oochen, also och d’Memberen vun der Amicale fir op d'”Ponttor”. Bekanntlich fënd daat schon zënter 2002 nit méi am Ponttor statt, mee all Joër op enger anerer Plaatz. Hei hier Invitation:

Oochen, den 25. Mee 2009

INVITATIOUN

Léif Anciene vum Akademischer Verein d’Letzebuerger,

Heimatter invitéiere mir Iech ganz hâerzlech op eist traditionellt Ponttorfest zu Éieren vum lëtzebuergeschen Nationalfeierdag. Dest Joer hun mir eis eng flott Locatioun fir eist Fest erausgesicht. Mir feieren

am Ballsaal vum «Altes Kurhaus»
(Komphausbadstral3e 19, 52062 Aachen).
Datum vun eiser dësjäereger Editioun vum Ponttorfest ass den 24. Juni 2009, Ufank ass um 20:00 Auer.

No enger Begréissungsusprooch vum Président hun mier d’Freed Iech een vun deene raren Optrëtter vum berühmten Oochener Männerchouer presentéieren ze dierfen. Fir de klengen Honger an Duuscht ass selbstverstândlech gesuergt an d’gudd Laun ass wei emmer och garantéiert.
Duerfir: Venez nombreux! Mir géifen eis fréen.
Mir hunn eis och erlaabt d’Éierememberskaart fir d’Joer 2009 bei dës Invitatioun bäizeleeën.
P.S.: Wéi sech dat fir Jangendag gehéiert, komme mir am fäinen Zwir!
Mat bäschte Gréiss,

Fir de Comité — Bob Kasel
BCEE
MAN LU18 0019 1755 6653 8000

D’Amicale werd wuel nit mat enger offizieller Delegatioun op Oochen reesen, mee mir encouragéieren eis Memberen selbstverständlich fir eis Jonk mat hierer Präsenz ze éieren. Wien wëllt ka sëch an die folgend Lëscht androën fir op Oochen ze fueren . Et ass dest allerdings nit verpflichtend.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.