Tennistournoi 2007/08

Wéi Dir Iech vielläicht erënnert, guff eisen Tennismatch, den normalerweis am Hierscht ass, an d’Fréijoër reportéiert,
Hei kann een sëch umelden, oder einfach mol d’Lëscht vun denen, die matmaachen kucken.
Méi Détailer nach am Misch sénger Invitatioun, die den Dënschden schon als Email erausgung:

Léiwen aalen Oochener,

Noo deem laange Wanter get et héich Zäit, fir endlech erëm besser a Form ze kommen:

Dofir proposéiert d’Amicale e Samsteg, 15. Mäerz 2008, vun 13h30 un, bei eisem TENNIS-TOURNÉIER matzemaachen.

No deem ustrengenden Deel as och erëm e méi gemittleche kulinareschen Deel geplangt. Hei si natiirlech och all manner sportlech Memberen invitéiert (an och all déi, déi Mëttes nach mam Weenchen duerch de Supermarché renne mussen).

Mell Dech w.e.g. fir den Tournoi an/oder de Maufel virum 12 Mäerz 2008 beim Marc Tock un.

Als Ureegung schon e klenge virtuelle Match ?
Een Miniclip

Oder dach awer eppes fir ze dreemen ?

  • Eppes op YourTube
  • Eppes aneschters op YourTube1

Bis dann,

Michel


  1. Edit 22-06-2020: Links eweg gemeet, well d’Filmer nit méi verfügbar sinn. []

1 Trackback / Pingback

  1. Tennis: Den Albert Hilger huet nees gewonn! – Aachen.lu – die Al Oochener

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.