Invitatioun fir Trëppeltour a Footballsmatch

Leiw jonk an aal Oochener,

no eiser Generalversammlung vum 20. Mäerz steet Christi-Himmelfahrt endlech déi nächst Aktivitéit um Programm: eisen

Trëppeltour 2007

Dëst Joer bleiwe mer am Zentrum vum Land a trëppelen duerch den Direndall an d’Mamerlayen.

Rendez-Vous as en Donnesteg de 17. Mee 2007 um 9h45 zu Koplescht um Parking iwwert dem Restaurant « Edelwyss » (op der Strooss fir op Saeul).

No deser gesonder Aktivitéit an der frëscher Loft waart gengt Mëtteg zu Schëndels am Restaurant « Pizzeria Il Bosco » de wuelverdingten Apero op eis.

Hei wäerte mer eis dann uschléissend mat engem gudde Mëttegiessen stäerken an dës sportlech Aktivitéit gemittlech ausklénge loossen.

Fussball 2007

Fir d’Fussball-Fans sief och nach eng Kéier drop higewisen datt mer e Samsteg, den 12. Mee, gengt eis jonk oochener Studenten untrieden. Verstärkung fir eis Manschaft an trei Supporteren gi nach ëmmer gesicht.

Heifir as den Treffpunkt um 14h um Fussballsterrain zu Stroossen.

Wéi ëmmer gët et och dest Joer eng kleng moralesch a kulinaresch Stärkung nom Match …

Fir de Comite

Michel Asorne – Secrétaire Louis Philipe – Président

Invitatioun fir Trëppeltour a Footballsmatch (PDF)

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.